Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

STREESALZ ERSETZEN

Less is more – bewosst streeën am Wanter

 

 

 

Streesalz fir de Schnéi am Wanter zum Schmëlzen ze bréngen ass einfach disponibel an einfach ze benotzen.

 

 

Aus dësem Gronn bleift d’Streesalz fir vill Leit den éischte Choix wann et am Wanter drëms geet Schnéi oder Glatäis lasszeginn.

 

 

Allerdéngs …

 

kann den Asaz vu Salz eng ganz Rei vun negative Konsequenzen no sech zéien. Et féiert zu enger Versalzung vun de Biedem. Streesalz kann Närstoffer aus dem Buedem erauswäschen, esou datt dës, am weidere Verlaf vum Joer, de Planzen am Kader vum hirem Wuesstem feelen. Doriwwer eraus kann de groussflächegen Asaz vu Streesalz Grond- an Drénkwaasserreserve verknaschten. Et féiert zu Korrosioun un den Autoen a Vëloen a kann Entzündungen un de Patte vun eisen Hausdéieren ausléisen.

 

D’Minett UNESCO Biosphere kläert dëse Wanter iwwert d’Konsequenze vum Streesalz op. Mir weisen Iech Alternativen, mat deenen Dir den Trottoir virun Ärer Dier méi ökologesch an nohalteg vu Schnéi an Äis befreie kënnt. Mir proposéieren Iech e Bléck hannert d’Kulisse vum Streedéngscht vun enger Gemeng a sichen eng Äntwert op d’Fro firwat Schnéi an Äis an eiser Géigend ëmmer méi e rar virkommen.

 

An den Artikelen hei drënner gitt Dir gewuer, wéi Dir d’Quantitéite vu Streesalz op Ärem Trottoir reduzéiere kënnt:

 

 

Tricker, fir d’Äis ze briechen!

 

 

An der kaler Joreszäit ass Streesalz zwar en Alliéierte fir eise Pallier,

mee e Feind fir d’biologesch Vilfalt.
Entdeckt déi ëmweltfrëndlech Alternativen, déi ee ganz einfach bei sech doheem asetze kann.

 

60 Tonnen …

 

 

Dat ass d’Quantitéit vu Streesalz, déi am leschte Wanter zu Esch gestreet gouf. „Dat ass wéineg am Verglach zu de Jore virdrun“, mengt de Marc Kollmesch, Responsabel vum Service vun der Stad Esch.

 

Schwiereg, dorop ze verzichten?

 

 

Schnéi ouni Salz ewechmaachen?

Jo, dat ass méiglech.

E Bléck op de Klimawandel, deen zu Lëtzebuerg visibel ass an op d’Fro, firwat Salz de gréisste Feind vun de Beem an eise Stied ass.

 

 

Wousst Dir schonn?