Retro 2024 Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

ATRACT-AB

 

Resumé an Ziler

 

De Projet ATRACT-AB (Accompagner la TRansition du secteur culturel dans le Territoire transfrontalier Alzette-Belval) soll déi ekologesch Transitioun vum Kultursecteur an der Regioun Alzette-Belval ënnerstëtzen an déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht vun der Kulturhaaptstad Esch2022 weiderféieren.

 

Et geet drëms en nohaltegen, grenziwwerschreidende Kulturprogramm ze schafen, deen d’Ëmweltbewosstsi vun der lokaler Bevëlkerung stäerkt a gläichzäiteg eng strukturéiert Zesummenaarbecht tëscht Bierger a kulturellen Acteuren ënnerstëtzt.

 

Doran ageschloss ass d’Entwécklung an d’Bereetstelle vu prakteschen Instrumenter fir ëmweltfrëndlecht Verhalen an d’Formatioun vun den Acteuren aus der Kulturzeen duerch eng Toolbox, déi zur ekologescher a sozialer Transitioun soll bäidroen. D’Conclusiounen, déi duerch e Fuerschungsprogramm ronderëm d’Ökologiséierung vu Praktike gezu ginn, kënnen, esou wuel fir déi lokal ewéi fir déi international wëssenschaftlech Communautéiten, vu Bedeitung sinn.

 

En anere Fokus ass d’Stäerkung vun der kultureller Zesummenaarbecht op regionalem Niveau duerch Vernetzung, d’Ausbildung vun den Acteuren an d’Identifikatioun an d’Ofschafe vu Barrièrë fir eng effektiv Zesummenaarbecht um artisteschen an institutionellen Niveau.

 

Méi gewuer ginn: 

 

 

 

Aktualitéite ronderëm de Projet: