Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

Bioklimatesch Etüd fir eis Regioun

 

 

Tëscht 2002 an 2024 ass déi aktuell bioklimatesch Situatioun an der Minett UNESCO Biosphere erfaasst ginn. Déi gesammelt Donnéeë kënne benotzt ginn, fir de Stied a Gemengen Instrumenter z’offréieren, mat deene se sech urbanistesch besser op d’Konsequenze vum Klimawandel, déi z’erwaarde sinn, virbereede kënnen.

 

DE KLIMAWANDEL ASS E FAKT

 

Et ass wëssenschaftleche Konsens, datt de Klimawandel, fir deen de Mënsch responsabel ass, Konsequenzen op eist Liewe wäert hunn. Zu Lëtzebuerg läit d’Duerchschnëttstemperaturen (Period 1991-2020) schonn 1,5 Grad iwwert der Temperaturmoyenne vun der Referenzperiod vun 1951-1980. Ënnert de Klimatologen ass ee sech och eens, datt an der Konsequenz vu méi héije Lofttemperature méi dacks extrem Wiederevenementer (Schloreen, Stuerm, Hëtztwellen) op eis duerkommen.

 

 

Vir allem fir urban Gebitter, zu deenen een och d’Minett UNESCO Biosphere kann zielen, ass de Klimawandel eng grouss Erausfuerderung. Déi dacks dicht bewunnte Gebutter sinn ufälleg fir d’Konsequenze vum Klimawandel, wéi Loftverschmotzung, Wiederextreemer a Canicullen. Stied si grouss Verursaacher vum Klimawandel, well hei ongeféier 70% vun de weltwäiten Zäregasemissiounen entstinn.

 

D'”Stadtklima-Analyse für die Region PRO-SUD” huet den urbane Bioklima um Gebitt vun der Minett UNESCO Biosphere evaluéiert, fir esou e besser d’Konsequenzen op de lokale Klima vun eisen Dierfer a Stied, déi och an den nächste Jore viru wäerte wuessen, besser verstoen ze kënnen an d’Suitte fir d’Gesondheet vun de Mënschen, déi natierlech Ëmwelt an déi urban Infrastruktur besser erfaassen ze kënnen.

 

LOKAL AUSWIERKUNGE VUM KLIMAWANDEL VERSTOEN

 

Zil vun dëser bioklimatescher Analys war et, urban Klimainformatioune fir déi eelef Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere bereet ze stellen, déi zäitlech relevant sinn an um Niveau vum Territoire méiglech Auswierkunge vum Klimawandel, deen z’erwaarden ass, weisen. Stied spillen eng substantiell Roll beim Meeschtere vum Klimawandel a senge Konsequenzen. Mesuren, virun allem am Beräich vum Urbanismus, kënne grouss Auswierkungen op déi global Zäregasemissiounen an op d’Resilienz vun urbane Raim hunn.

 

D’Fuerscher vum LIST hunn, zesumme mat hirem wëssenschaftleche Kooperatiounspartner Geo-Net vun Hannover, urbanistesch Informatioune fir eis Regioun geliwwert an dat an enger raimlecher Opléisung vu 5 op 5 Meter. Dës Informatioune kombinéiert mat den Date vun numereschen, regionale Klimaprojektioune fir de Süde vu Lëtzebuerg, hëllefe fir e komplett Bild vun der Zukunft ze zeechnen. Si hunn et och erlaabt konkret Handlungspropose fir déi eelef Gemengen z’erstellen an dës no verschiddene Drénglechkeeten ze klasséieren.

 

ZILER VUN DER ETÜD

 

An der Bewäertung vum urbane Bioklima si vill verschidden Auswierkungen op d’Stied a Gemengen am Süde vu Lëtzebuerg consideréiert ginn. Dorënner:

 

Verbessert Stadplanung a -gestaltung:

 

D’Resultater vum Projet ginn den Urbanisten zur Verfügung gestallt. Dës kënnen esou déi zukünfteg Entwécklung vu bebaute Surfacë méi nohalteg a resilient plangen. Dozou gehéieren urban gréng a blo Korridoren, souwéi eng Evaluatioun vun de Gebitter an deene kal Loft entsteet an de Korridoren, duerch déi dës Loftmasse fléissen, fir d’Stadzentre besser ventiléieren an ofkillen ze kënnen. Héich Minimaltemperaturen an de Summerméint sinn eng grouss Gefor fir d’Gesondheet a kënne bei Canicullen esouguer zu enger Iwwerstierflechkeet an urbane Gebitter féieren.

Dem Klimawandel besser begéinen:

 

 

 

Duerch dëse Projet sinn déi Plazen an de Gemenge fonnt ginn, déi am meeschte mat de Suitte vum Klimawandel konfrontéiert sinn. Dës Konsequenze kënnen Iwwerschwemmungen, extreem Hëtzt oder Loftverschmotzung sinn. D’Etüd hëlleft Strategien z’entwéckelen, déi dës Gebitter besser schützen a Risiken ze miniméieren.

Virdeeler am Beräich vun der Gesondheet:

 

 

 

Duerch d’Identifikatioun vu Plaze mat enger héijer thermescher Belaaschtung liwwert d’Analys vum urbane Bioklima eng Basis fir Mesuren, déi déi ëffentlech Gesondheetssituatioun verbessere kënnen. Esou kënnen d’Awunner vun der Minett UNESCO Biosphere an der Zukunft besser virun den negativen Auswierkunge vun urbanen Ëmweltfacteure geschützt ginn.

Ekonomeschen Notzen:

 

 

 

 

Duerch d’Upasse vum Urbanismus an neie Quartieren oder beim Ëmbau vun existente Staddeeler an Dierfer kënnen ekonomesch Virdeeler fir d’Regioun entstoen. Dat ka vun enger Hausse vum Wäert vun der Bausubstanz, iwwert eng besser Loftqualitéit bis bei méi e klengen Energiebedarf goen.

 

D’Analys vum Stadklima an eiser Regioun ass drop ausgeluecht, datt d’Gemengen um Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere d’Méiglechkeet kréien d’Erausfuerderunge vum Klimawandel besser ze verstoen, anzeschätzen, ze bewältegen a viraus ze gesinn. Dës Erkenntnisser kënnen an den nächste Joren a Joerzéngte benotzt ginn, fir eis eelef Gemeng méi nohalteg, méi resilient a méi gesond virun z’entwéckelen.

 

D’Kollekt vun den Donnéeën, déi am Ganzen 18 Méint laang gedauert huet, erméiglecht et, e preziist Bild vun der aktueller Situatioun ze liwweren, dat als Basis fir d’Klimaprojektioune vum Projet ka benotzt ginn.

 

DÉI KOMPLETT RESULTATER VUN DER ETÜD

 

 

En Dënschdeg, den 22. Oktober, hunn de Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, de Christian Weis, President vum interkommunale Syndikat PRO-SUD a Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht, an den Dr. Jürgen Junk, Fuerscher am Departement Environmental Research and Innovation vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST), d’Resultater vun der Etude “Stadtklimaanalyse für die Region PRO-SUD” virgestallt.

 

   
Klickt op d’Bild fir déi ganz Etüd erofzelueden.

 

No der Presentatioun vun der Etüd huet de Claude Meisch betount, datt „ee vun den Haaptprinzippie vun der Landesplanung ass, eist Land méi resilient ze maachen, an dës Etude erlaabt et eis, eis besser unzezepassen, ze reagéieren an d’Liewensqualitéit, trotz den Auswierkunge vum Klimawandel, ze halen an ze verbesseren. D’Studie bestätegt nach eng Kéier, datt d’Versigelung vu Flächen den thermesche Stress an eisen Uertschafte wesentlech erhéicht. De Fait, datt d’Etude e breet gefächerte Katalog vu konkrete Moossname proposéiert fir déi thermesch Situatioun ze verbesseren, ass e weidert Instrument fir d’Ëmsetzung vum Usaz aus dem PDAT.“

 

Fir de Christian Weis bitt d’Etude „konkret Handlungsvirschléi un, fir déi urban Zentere vun den 11 Membergemengen vum Minett UNESCO Biosphere méi resilient géint déi klimatesch Erausfuerderungen ze maachen, an och wichteg Informatiounen, fir d’Gebidder wou kal Loftstréimungen entstinn ze schützen an d’Korridoren, duerch déi dës natierlech Ofkillung an urbaniséiert Gebidder fléisse kann, z’erhalen.“

 

Den Jürgen Junk vum Departement Environmental Research and Innovation vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) huet betount, datt „de Moossnamekatalog, deen am Kader vun der Etude ausgeschafft gouf, den Urbanisten elo zur Verfügung steet fir urbanistesch Adaptatioune wéi d‘Schafe vu Gréng- a Waasserflächen oder Frëschloftkoridoren ëmzesetzen. Dës Recommandatioune kënnen hëllefen, déi urban Gebidder ofkillen an déi erwaarten Effekter vum Klimawandel an den Dierfer a Stied vun der PRO-SUD Regioun ze reduzéieren“.

 

 

E Pressedossier mat engem Resumé vun der Etüd (op Franséisch) kann hei erofgeluede ginn

 

Detailléiert Kaarte vun der aktueller Situatioun an den 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere si fräi zougänglech um Lëtzebuerger Geoportail. Dës weisen:

 

• déi aktuell bioklimatesch Situatioun

• d’Bewäertung vun der bioklimatescher Situatioun am Dag an och an der Nuecht

• d’Bunnen, iwwer déi kal Loft an urban Gebitter fléisst

 

Hei ass den direkte Link bei dës Kaarten.

 

 

D’ETÜD AN DE MEDIEN

 

Klickt einfach op de Logo vum respektive Medium fir den Artikel oder d’Reportage, déi dëse Medium iwwer déi bioklimatesch Analys vun der Minett UNESCO Biosphere gemaach huet, ze gesinn.