Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow STREESALZ ERSETZEN
quote quote

Ëmmer manner Schnéi

Mam Klimachangement hu sech d’Nidderschlagsperiode weltwäit an zu Lëtzebuerg verännert. Bei staarkem Schnéifall ass Salz nach ëmmer déi einfachste Léisung, fir de Schnéi op de Stroossen ze schmëlzen. Zoom op déi tatsächlech Klimaverännerungen an d’Utilisatioun vum ëmweltschiedleche Salz.  

 

Déi katastrophal Auswierkunge vum Streesalz si sécher nogewisen. Opgrond vu senger einfacher Utilisatioun an den niddrege Käschte steet et allerdéngs nach ëmmer ganz uewen um Podium, wann et drëms geet, d’Stroosse bei Schnéi méi sécher ze maachen. Schnéi, deen zu Lëtzebuerg iwweregens ëmmer méi rar gëtt.

 

D’Hausse vun den Temperaturen

 

 

Den Andrew Ferrone ass Chef vum Wiederdéngscht vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a representéiert Lëtzebuerg och beim Weltklimarot (IPCC) vun der UNO. An dëser Funktioun huet hien och um sechste Evaluationsrapport vum IPCC matgeschafft, deen dëst Joer publiziéiert gouf.  De Meteorolog schwätzt vun enger Hausse vun 1,6°C tëscht den Zäitraim 1861-1890 an 1991-2020.

 

„Mir stellen tatsächlech fest, datt de Klimawandel aus der Siicht vun der Temperatur ka gesi ginn“, erkläert hien. Déi zéng wäermste Jore goufen all am Zäitraum 2002-2020 gemooss. All eenzelt vun den dräi leschte Joerzéngte war zënter 1840 sukzessiv méi warm wéi all eenzelt vun de Joerzéngte virdrunner.

 

Am Wanter huelen d’Nidderschléi zou

 

Dës Entwécklung huet awer och Repercussiounen op d’Nidderschlagsperioden. Den Andrew Ferrone erkläert an engem éischte Schrëtt, datt et keng global Hausse gëtt. „Mir hunn Donnéeën, déi bis an d’Joer 1854 zeréckginn, iwwert d’Joreszommen, also Reen a Schnéi zesummen a mir gesinn, datt et keng laangfristeg Verännerunge gëtt.“ Hie mécht awer op saisonal Verännerungen opmierksam: „Am Wanter gëtt et zwanzeg Liter Nidderschlag méi op de Quadratmeter, wat statistesch signifikant ass.“ Den Andrew Ferrone ënnersträicht och, datt Episode mat staarkem Nidderschlag, also méi ewéi 10 Liter bannent engem Dag, an de leschte 60 Joer zougeholl hunn. Et gëtt, dem Meteorolog no, also zwee Trends: „Den allgemengen Nidderschlag am Wanter hëlt zou, genee ewéi de Staarkreen.“

 

Schnéi gëtt ëmmer méi rar

 

D’Episoden, wou et schneit, hale sech an der Reegel un dee selwechten Zäitraum: Januar a Februar. „Mä eng Schnéicouche ass bis an den Abrëll eran net ausgeschloss, wéi mer et iwwregens och an dësem Joer erlieft hunn.“, seet de Chef vum Wiederdéngscht vun der ASTA.

 

Obschonns méi Nidderschlag am Lëtzebuerger Wanter fält, ginn d’Deeg op deenen et schneit ëmmer méi seelen. Eng zimmlech logesch Konsequenze vun den Temperaturen, déi klammen. „Mir hunn tatsächlech ewell déi nidderegst Unzuel un Deeg mat Schnéi an de leschte siechzeg Joer“, bestätegt den Andrew Ferrone.

 

Streesalz: Wéi eng Probleemer entstinn doduercher?

 

 

Den Andrew Ferrone erkläert, datt am Allgemenge „Salz op Stroossen an Trottoirë gestreet gëtt, esou datt, wann de Schnéi schmëlzt oder et duerno nees reent, dat meescht Salz an d’Kanalisatioun gespullt gëtt an do Auswierkungen op d’Waasser kann hunn, sollt et net vun de Kläranlagen opgeholl ginn“.

 

Nieft dem Waasser ka Salz op d’Planzewelt an der Noperschaft vu Stroossen verbrennen, mä och esou an de Buedem an duerno an de Waasserkreeslaf geroden.

 

Aus der Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op eng rezent parlamentaresch Fro geet ervir, datt an de leschten 3 Joer 63.560 Tonne Streesalz op den 2.914 Kilometer Nationalstroosse vum Land benotzt ginn ass.

 

Fir dësen Asaz vu Streesalz ze reduzéieren, ginn d’Quantitéiten all Nuecht adaptéiert. Op den Autobunne gëtt en plus de „wet spray“ benotzt.

 

D‘Auswierkunge vum Salz op d‘Ökosystemer bleiwen trotzdeem bestoen.

 

 

Wéi eng konkret Solutioune gëtt, fir Streesalz z’ersetzen?

 

Déi bescht Méiglechkeet, d’Konsequenze vum Streesalz ze reduzéieren, ass nach ëmmer, kee Streesalz ze benotzen. Seng ongebrache Popularitéit kann een awer doduerch erklären, datt et zouverlässeg wierkt a bëlleg ass. Et gëtt awer Alternativen a Méiglechkeete fir Salz ze spueren.

 

E séiert Ewechraume vum Schnéi verhënnert, datt sech Äis ka bilden a kann dozou bäidroen, datt manner Natrium gebraucht gëtt. Äschen oder hëlze Spéin funktionéiere och, dës mussen, wann ee se doheem benotzt, duerno allerdéngs zesummegekiert ginn, fir d’Material, wat hei an den Asaz komm ass, z’entsuergen. Dës Iddie sinn éischter fir de private Gebrauch, et gëtt awer och alternativ Iddie fir méi grouss Asazberäicher.

 

Schonn 2019 hunn e puer Länner, engem Rapport vun der World Road Association no, nei Streepraktiken agefouert. Norwegen, zum Beispill, fuerscht no Weeër fir „den Asaz vu Streesalz esou ze optiméieren, datt esou wéineg ewéi méiglech dovunner gebraucht gëtt, fir sécher Stroosseconditiounen ze garantéieren“. Et gëtt och drop higewisen, datt Solutionen ewéi „Stroossenheizungen, automatesch Installatioune fir ze sprayen a Stroossebeleeg, déi net veräise kënnen, just a speziellen a kritesche Fäll ewéi op Brécken, Penten oder Entréeën a Sortië vun Tunnellen, bei géie Bierger oder op grousse Kräizunge kënnen agesat ginn“. Et gëtt ëmweltfrëndlech Streemëttel, déi awer nach ëmmer deier sinn.

 

D’Utilisatioun vu Streesalz bleift duerfir weltwäit, an och zu Lëtzebuerg, e grousse Probleem. Nei Methode gi getest, mä d’Gewunnechten nach laang net geännert.