MINETT BIOSPHERE ESCAPE GAMES
Entdeckt d’Minett Biosphere mat zwee innovativen Escape Games
fir Gruppen vu Jonken
tëscht 10 a 14 Joer.
D’Minett UNESCO Biosphere, bekannt fir hir eenzegaarteg Landschaft an hir räich industriell Geschicht, proposéiert zwee spannend Outdoor-Escape-Games.
Dës Spiller goufen an enker Zesummenaarbecht mat NatureEcho, Luth Médiations an a véier Grondschoulklassen aus de Gemengen Diddeleng, Esch-Uelzecht, Suessem a Schëffleng entwéckelt.
Duerch d’Expertis vu lokalen Biologen, Geologen an Historiker bidden d’Spiller eng faszinéierend Erfarung, déi gläichermoosse Spaass mécht an léierräich ass – esou wuel fir Kanner a Jugendlecher ewéi och fir Erwuessener.
Ziler a Material vun de Spiller
D’Escape Games erlaben et den Ekippen, op spilleresch Aart a Weis d’Geheimnisser vun der Biodiversitéit, der Geologie an der industrieller Vergaangenheet vun de Naturschutzgebitter Giele Botter an Haard ze entdecken.
D’Spillmaterial ass a Rucksäck verpaakt, déi aus ale Reklammscalicote hiergestallt goufen, déi eis vun der Stad Déifferdeng, der Gemeng Péiteng an der Fotografin Jessica Theis zur Verfügung gestallt goufen an an den Ateliere vu Cooperations zu Wolz verschafft goufen.
Wou a wéi ginn d’Escape Games gespillt?
Gespillt gëtt an den Naturschutzgebitter „Giele Botter“ a „Haard“. Pro Spill muss en Tour tëscht zwee an dräi Kilometer zeréck geluecht ginn a et dauert ongeféier véier Stonnen. D‘Spiller sinn ideal fir Gruppen ab 10 Joer. Een „Escape-Game“-Rucksak ass fir e Grupp vun 8–10 Kanner oder Jugendlecher geduecht. Bei méi grousse Gruppe kréien d’Participanten e puer Rucksäck.
D’Aktivitéit gëtt net vun enger externer Persoun begleet, mee fënnt ënnert der Opsiicht vum Enseignant/Educateur statt. All Grupp muss eng Begleetpersoun hunn, fir datt kee verluer geet an d’Spill glat leeft. D’Begleetpersoune kréien d’Spillinstruktiounen, d’GPS-Daten an d’Léisungen, wa se d’Rucksak an der Naturschoul op der Zowaasch oder an der Diddelenger Gemeng ofhuelen.
Fir am Spill virun ze kommen an d’Geheimnisser opzedecken, musse gemeinsam Rätsele geléist ginn. Dobäi sinn d’Kombinatiounsfäegkeet, d’Observatiounsfäegkeet an d’Geschécklechkeet vun allen Team-Membere gefrot. D’Spill ass kooperativ: All d‘Participante mussen zesummeschaffen, fir weider ze kommen an d’Zil z’erreechen. Besonnesch Virkenntnesser si net néideg – jidderee ka matmaachen. D’Spill ass linear, dat heescht, d’Rätsele mussen an enger bestëmmter Reiefolleg geléist ginn, fir d’Spill ofzeschléissen.
Déi zwee Escape Games
Giele Botter – Die Zeitreisenden
© Dirk Kesseler 2024
D’Louise, de Max an hiren Hond fannen eng mysteriéis Këscht, déi hinnen et erméiglecht, duerch d’Zäit ze reesen. Begleet si op hirer Rees duerch déi komplett Geschicht vun eiser Regioun, léist spannend Rätselen an entdeckt d’Geheimnisser vun der Vergaangenheet am Naturschutzgebitt Giele Botter.
Haard – Die Rebellion der Nymphen
© Dirk Kesseler 2024
Fënnef Jugendlecher ginn op eng abenteuerlech Rees, fir erauszefannen, firwat d’Natur aus dem Gläichgewiicht geroden ass. Entdeckt d’Ursaachen a fannt d’Léisungen, fir dat natierlecht Gläichgewiicht am Naturschutzgebitt Haard nees hierzestellen.
Firwat matmaachen?
• Schäerft d’Bewosstsi fir Natur- an Ëmweltschutz
• Verbënnt léieren a Spaass
• Fërdert Zesummenaarbecht a gemeinschaftlecht Léieren
• Entwéckelt Probleemléisungskompetenzen a kritescht Denke
Reservatioun vun de Spiller
Fir eent vun deenen zwee Escape Games ze reservéieren, geet et duerch dëse Reservatiounsformulaire auszefëllen: Klickt elo hei!
Fir Service scolairen oder Schouldirektiounen, déi d‘Escape Games fir méi ewéi eng Klass buche wëllen: Schéckt wgl. eng E-Mail u minell@minett-biosphere.com an déi Dir dës Informatioune schreift: Eng Kontaktpersoun, d’Klassen a d’Unzuel vu Schüler pro Klass.
D’Escape Games goufe finanzéiert vun:
Ausféierung vun den Escape Games a Collaboratioun mat:
Bei weidere Froen, schreift eis Mail op minell@minett-biosphere.com