🍒 Tutti Frutti – Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
Iwwer 70 Bongerten waarden op Iech an der Minett Biosphere!

Klickt op d’Kaart fir méi Detailler
An all dëse Bongerten däerft Dir gratis Uebst plécken!
Opgespasst:
Wéinst den aussergewéinleche klimatesche Konditiounen an dësem Summer hu verschidde Bongerten keng Friichte gedroen!
E Besuch an engem vun den ëffentleche Bongerte vun der Minett UNESCO Biosphere léisst Iech awer Villes entdecken:
D’Roll vum Bongert an der Ernärung als Plaz fir eng gesond a lokal Liewensmëttelproduktioun.
D’Roll vum Bongert fir den Erhalt vun der Biodiversitéit, well e Bongert en ideale Liewensraum fir vill Déieren ass an zur Erhale vun ale Friichtenzorten bäidréit.Déi klimatesch Roll vun engem Bongert, deen als Frëschloftoas wierkt, zur Späicherung vu Kuelestoff bäidréit, d’Loft- an d’Buedemqualitéit verbessert an den urbane Raum verschéinert.Déi sozial a kulturell Roll vum Bongert als Natur- an Erhuelungsraum an als Plaz fir sech ze begéienen.
Klickt hei fir alles iwwert eis Bongerte gewuer ze ginn!

