Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Reintroduktioun vu Schmuebelen an urbane Gebitter:

Erfollegräicht Ëmsetze vun Habitatmesurë fir Schmuebelen an urbane Gebitter

 

 

 

 

 

Probleem:

 

D’Zerstéierung vun Habitater vu Vullenaarten an urbane Raim féieren zu engem iwwergräifenden Ëmweltprobleem. An de vergaangene Jore sinn zu Lëtzebuerg ëmmer méi Gebaier aus dem Buedem gezu ginn. An engems goufen och al Scheieren ofgerappt oder renovéiert, an deene Schmuebele soss e Refuge fir hir Näschter fonnt hunn. Hei fänkt den Däiwelskrees vum Biodiversitéitsverloscht un! Energieeffizient Gebaier sinn zwar gutt fir d’Ëmwelt, mä se verhënneren awer och, dass Vullen ënnert den Diech oder an de Fassade Lächer fannen, an deenen se en Nascht baue kënnen. De Verloscht u Liewensraum gëtt duerch d’Versigele vum Buedem duerch Gebaier, Parkplazen, Kiselsteng asw. verstäerkt. D’Feele vu Gréngfläche féiert zu engem Verloscht vu Liewensraum fir Insekten, zum Beispill de Reewuerm, op deen d’Schmuebelen als Haaptnarungsquell ugewise sinn. Gläichzäiteg féiert de Waasseroffloss, duerch déi versigelt Surfacen, dozou, datt keng Pill oder kleng Baachen entstoe kënnen, esou datt d’Waasserversuergung fir Schmuebelen, Bestëbser an Insekten net garantéiert ass.

Léisung:

 

Schmuebele kënnen an urbane Gebidder liewen, wann d’Populatioun, d’Gemengen an d’Regierunge kleng Adaptatioune maachen. En Usazpunkt wieren d’Entsigelung vu Buedem, deen net onbedéngt muss versigelt sinn, zum Beispill a Parkanlagen, déi et scho gëtt. Zousätzlech kéinten Trottoire begréngt ginn, kleng Bamgruppen a wëll Blumme geplanzt ginn. Eng kënschtlech Solutioun, déi schonn am Kader vum Projet „Urban Birds“ getest ginn ass, wier d’Installatioun vu kënschtleche Vullennäschter un de Fassade vun Haiser an ënnert den Diech, fir de Villercher en optimale Schutz ze bidden.