📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Rivières

Flëss, grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht an Opwäertung vun de Waasserleef

 

Resumé an Ziler

 

De Projet „Rivières“ huet als Zil, d’Waasserleef um Territoire vum TNT als grenziwwerschreidend natierlech a kulturell Ressource ze valoriséieren.

 

Am Aklang mat der Strategie vun der Grenziwwerschreidender Naturregioun (ZF TNT) souwéi mat regionalen an europäeschen Ëmweltpläng soll de Projet déi lokal Efforte fir eng ökologesch Transitioun am Beräich Waasser stäerken.

 

Dozou gehéiert eng Rei vun Aktivitéiten, déi verschidde grenziwwerschreidend Acteuren abannen (Waasserfachleit, Schoulen, Gemengen, asw.).

 

De Projet verfollegt déi heiten Ziler:

 

  1. Opbau vun engem grenziwwerschreidende Concertatiounsprozess fir d’Gestioun vu Flëss a Baachen (mat Fokus op d’Côte Rouge, d’Crosnière oder d’Réierbaach).
  2. Sensibiliséierung vun der breeder Ëffentlechkeet fir Themen a Problematiken am Zesummenhang mam Waasser.
  3. Opwäertung vu Weeër fir mëll Mobilitéit an dem industrielle Patrimoine laanscht d’Waasserleef.

 

Partner vum Projet:

 

1 Leadpartner: Territoire Naturel Transfrontalier de la Chiers et de l’Alzette

4 finanziell Partneren: Agglomération du Grand Longwy, Stad Déifferdeng, Stad Hussigny-Godbrange a Syndikat PRO-SUD / Minett UNESCO Biosphere.

5 methodesche Partneren: Natur- a Bëschverwaltung, SIACH, AGAPE Lorraine Nord, Département Meurthe-et-Moselle an d’Universitéit Lëtzebuerg.

Fir eng Groussregioun méi no bei de Biergerinnen a Bierger

 

Dauer vum Projet: 01.01.2026 – 31.12.2028

 

Gesamtbudget: 2.440.572,40 €

 

Kofinanzéierung duerch d’Europäesch Unioun (FEDER): 57,74 % – 1.409.131,44 €