Tutti Frutti
D’Bongerte vun der Minett UNESCO Biosphere
Tëscht 2021 an 2023 hunn d’PRO-SUD Gemengen aktiv mat der Minett UNESCO Biosphere zesummegeschafft fir Gemengebongerten, déi gratis fir de Public zougänglech sinn, z’identifizéieren an ze kartéieren. De Projet Tutti Frutti soll dës Bongerten op regionalem Niveau méi bekannt maachen, fir esou aktiv géint d’Verbëtze vu Liewensmëttel virzegoen.
De Projet ass vum Landwirtschaftsministère am Kader vu senger Aktioun Gielt Band, souwéi vum Landesplanungsministère, wéinst senger entscheedender Roll fir Biodiversitéitsinselen a kill Plazen am urbane Raum z’erhalen, ënnerstëtzt ginn.