Associatiounen, Veräiner an Initiativen
Op dëser Säit fannt Dir Linke bei Associatiounen, Veräiner an Initiativen, déi sech mat der Promotioun vum Vëlo beschäftegen.
Sollt Är Associatioun, Äre Veräin oder Är Initiativ hei feelen. Da mellt Iech bei eis.
National a regional Acteuren
Vël’Ok Régional
Initiativ vum CIGL Esch, déi de regionale Vëlossharing bedreift, aktiv Mobilitéit a berufflecher Reintegratioun verbënnt.
Klima-Agence
Beréit a punkto nohalteg Mobilitéit a proposéiert Informatiounen an Offere ronderëm de Vëlo.
GoGo VELO
National Initiativ, d’Leit zu Lëtzebuerg motivéiere wëllt de Vëlo méi dacks am Alldag an an der Fräizäit ze benotzen.
Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois
D’FSCL ass den Daachverband vum Lëtzebuerger Vëlossport a betreit Veräiner, Competitiounen, Jugend a Cyclotourismus.
Initiative vun de Gemenge aus der Minett Biosphere
Hei fannt Dir eng Iwwersiicht vun den Initiativen am Beräich vun der aktiver Mobilitéit, déi vun deenen enzelne Gemengen vun der Minett UNESCO Biosphere ugebuede ginn. Klickt einfach op den Numm vun Ärer Gemeng.
Aner Initiativen an der Minett Biosphere
Haus vum Vëlo
Äerdschëff – Mobilab
DropCycle Plastic Atelier Luxembourg
Promouvéiert d’Kreeslafwirtschaft an organiséiert zu Esch Vëlosmäert, kleng Reparaturen, Sécherheetskontrollen a Berodung.













