📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow Mam Vëlo op d'Schaff
quote quote

Associatiounen, Veräiner an Initiativen

Op dëser Säit fannt Dir Linke bei Associatiounen, Veräiner an Initiativen, déi sech mat der Promotioun vum Vëlo beschäftegen.

Sollt Är Associatioun, Äre Veräin oder Är Initiativ hei feelen. Da mellt Iech bei eis.

 

National a regional Acteuren

 

Vël’Ok Régional

 

Initiativ vum CIGL Esch, déi de regionale Vëlossharing bedreift, aktiv Mobilitéit a berufflecher Reintegratioun verbënnt.

ProVelo.lu a.s.b.l. 

 
Setzt sech, duerch Interessievertriedung, Berodung, Coursen a Sensibiliséierung, fir de Vëlo als Verkéiersmëttel am Alldag an.

Klima-Agence

 

Beréit a punkto nohalteg Mobilitéit a proposéiert Informatiounen an Offere ronderëm de Vëlo.

Klima-Bündnis Lëtzebuerg

 
Ënnerstëtzt klimafrëndlech an aktiv Mobilitéit an de Gemengen duerch Campagnen, Berodung a Sensibiliséierung.

GoGo VELO

 

National Initiativ, d’Leit zu Lëtzebuerg motivéiere wëllt de Vëlo méi dacks am Alldag an an der Fräizäit ze benotzen.

Ministère de la Mobilité et des Travaux publics

 

Plangt a fërdert aktiv Mobilitéit souwéi den Ausbau an d’Koordinatioun vum nationale Vëlosreseau.

Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois

 

D’FSCL ass den Daachverband vum Lëtzebuerger Vëlossport a betreit Veräiner, Competitiounen, Jugend a Cyclotourismus.

Automobile Club du Luxembourg

 

Den ACL ënnerstëtzt Vëlosfuerer mat Pannenhëllef, Coursen, Vëlolocatioun, Sécherheetsaktiounen a praktesche Servicer.

 

 

Initiative vun de Gemenge aus der Minett Biosphere

 

Hei fannt Dir eng Iwwersiicht vun den Initiativen am Beräich vun der aktiver Mobilitéit, déi vun deenen enzelne Gemengen vun der Minett UNESCO Biosphere ugebuede ginn. Klickt einfach op den Numm vun Ärer Gemeng.

 

 

 

Aner Initiativen an der Minett Biosphere

Haus vum Vëlo

 

Fir de Vëli am Alldag mat Reparaturatelieren, Coursen, Berodung, Locatioun vu Material an enger aktiv Vëlosgemeinschaft.

GECT Alzette-Belval

 

Struktur mat Projeten an der grenziwwerschreidender, aktiver Mobilitéit.

Äerdschëff – Mobilab

 

Test nohalteg Mobilitéitsformen an entwéckelt mat Bierger an Experten Alternativen zum klasseschen Auto.

SIVEC

 

Fërdert Weidernotzung a Kreeslafwirtschaft an organiséiert Repair-Cafée mat Méiglechkeete fir Vëlosreparaturen.

DropCycle Plastic Atelier Luxembourg

 

Promouvéiert d’Kreeslafwirtschaft an organiséiert zu Esch Vëlosmäert, kleng Reparaturen, Sécherheetskontrollen a Berodung.

Vélorution Esch

 

Associatioun déi mat ëffentlechen a grenziwwerschreidende Vëlostoure Bewosstsinn schafe wëll.