Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow MMMH... MINETT! LIEWENSMËTTEL AUS DER BIOSPHÄR
quote quote

Eis Aktiounen

Andeems d’Südregioun e Biosphärereservat ginn ass, ass e richteg favorabele Kader entstanen, fir d’Entwécklung an d’Begleedung vu konkreten Initiativen am Beräich vun der Valoriséierung vu lokale Produiten an nohalteger Ernierung. Eis Initiative probéieren deemno engersäits de Konsum vu lokale Produite fërderen an anerersäits d’Offer un dëse Produiten z’erhéijen. Hei fannt dir déi éischt Aktiounen, déi mir gestart hunn.

 

 

TERRITORIAL BESTANDSOPNAM

 

 

 

Fir lokal Liewensmëttel ze valoriséieren an hir Consommatioun z’ënnerstëtzen, ass et wichteg déi disponibel Offer an déi potentiell Demande ze kennen.

 

PRO-SUD huet duerfir zwou Etüde gestart: eng éischt iwwert d’Demande vun de Konsumenten (2020-2021) an eng zweet iwwert d’Offer u lokale Liewensmëttel an der Regioun an d’Kapazitéite vun de lokalen Acteuren dës ze kommerzialiséieren (2022-2023). Op Basis vun dëse Resultater sollen déi néideg Aktiounen definiéiert ginn, fir déi richteg Konditioune ze schafen, ënnert deene gemeinsam Projete mat lokale Baueren a Liewensmëttelacteuren entstoe kënnen.

 

Hei fannt Dir déi komplett Verbraucheretüd vun 2020-2021.

 

Hei fannt Dir d’Etüd iwwert d’Offer u lokale Liewensmëttel.

 

 

TUTTI FRUTTI : D’GEMENGEBONGERTEN

 

 

 

 

 

Mat der Ënnerstëtzung vun de Gemeng an dem Support vum Landwirtschaftsministère am Kader vun der Aktioun “Gielt Band”, hu mir e Recensement an eng Kartographéierung vun de Gemengebongerte realiséiert, déi fräi zougänglech sinn. De But ass et, datt jiddereen heihinner Uebst a Friichte ka plécke goen. Duerfir stelle mir eng Online Kaart vun de Gemengebongerten zur Verfügung.

 

Déi komplett Kaart fannt dir hei.

 

 

RENCONTER MAT DE PRODUZENTEN

 

 

Fir lokal Produzenten, mat de Mëttel, déi eis zur Verfügung stinn, z’ënnerstëtzen, siche mer de Kontakt mat hinnen, fir méi iwwert hir ekonomesch Situatioun an hir Besoine gewuer ze ginn a fir bei konkreten Initiativen ze begleeden.

 

11.10.23: Liewensmëttelpunkt goes Minett UNESCO Biosphere

 

09.12.23: Visitt vun dräi weidere Produzentebutteker

 

03.06.22: Visitt vum Produzentebuttek Les Grands Prés

 

19.03.22: Journée des producteurs zu Käerjeng

 

 

MARCHÉ “AU GOÛT DU TERROIR”

 

 

 

Mir ware Partner vum Naturpark OUR bei der Organisatioun vun engem grousse Maart mam Numm “Au Goût du Terroir”, deen de Weekend vum 30. September bis den 2. Oktober 2022 zu Käerjeng war. Dëst war eng Méiglechkeet déi lokal Produiten an d’Vitrinn ze stellen, d’Bevëlkerung fir nohalteg Ernierung ze sensibiliséieren a Renconteren tëscht Professionellen z’erméiglechen. Un der Organisatioun waren och déi aner Lëtzebuergesch Naturparken an d’Gemeng Käerjeng bedeelegt. Dee ganze Weekend waren op ronn 60 Stänn lokal a regional Produiten ausgestallt.

 

Méi Informatiounen op: www.gout.lu

 

News-Artikel iwwert de Festival:

AU  GOÛT DU TERROIR – GROUSSE PUBLIKUMSSUCCÈS

 

 

ANER INITIATIVEN

 

PROSPEKTIOUN FIR E BIOLOGESCHE GEMÉISUBAU

 

 

Mir waren den Hiewel fir Diskussiounen tëscht der Schëfflenger Gemeng, engem Schëfflenger Bauer an engem Geméisbauer vu Baaschtnech, deen do d’Mikrofarm Ponceret bedréift, ze lancéieren. D’Iddi war eng Mikrofarm mat enger Zär vun enger Gréisst vun engem Hektar zu Schëffleng ze realiséieren. Bis ewell konnt de Projet awer nach net konkretiséiert ginn. 

 

ÉCOLE DU GOÛT

 

 

D’Valoriséierung vu lokale Produite funktionéiert och iwwert d’Sënner an d’Kachen. Dowéinst hu mir mat 5 Schoulklassen aus eiser Regioun am Joer 2021, zesumme mat der École du Goût vum Naturpark Our, Schmaach-Atelieren organiséiert.