Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Au  Goût Du Terroir – Grousse Publikumssuccès

Vill Visiteure sinn dëse Weekend op Käerjeng komm, fir d’Villfalt u lokalen a regionale Produiten ze entdecken, déi vu ronn 60 verschiddene Produzenten aus dem Grand-Duché, der Grenzregioun a Modellregiounen aus Italien, Spuenien a Polen ausgestallt goufen.

Béid Sitten, de Käerjenger Treff an d’Lagerhal vun der Brasserie Nationale, hu vill Visiteuren ugezunn. Dës ware ganz interesséiert fir d’Produite vun de verschiddenen Hiersteller kennenzeléieren an och op der Plaz kënnen ze kafen.

 

Nieft lokale Produkter konnten d’Besicher vum Festival „Au Goût Du Terroir“ u verschiddenen, interessanten Atelieren an Degustatiounen deelhuelen, dëst souwuel am Centre Culturel Käerjenger Treff wéi och an der Brauerei. Nieft Ateliere fir eis Ernierung ze Gonschte vun engem méi nohaltege Konsum ze veränneren a Liewensmëttelverschwendung ze vermeiden, gouf et déi dräi Deeg vun dësem Genossfestival Show-Cooking mat renomméierte Lëtzebuerger Käch, Wäin-, Gin- a Likör-Degustatiounen a vill aner Aktivitéiten, déi et de Visiteuren erlaabt hunn nohalteg, regional a saisonal Produkter z’entdecken.

Permanente Buttek fir lokal Produite geplangt

Fir déi offiziell Ouverture vum “Au Goût Du Terroir” e Samschdeg de Moie waren eng Abberzuel vun Éieregäscht aus Politik a Gesellschaft an den Treff komm. Den Emile Eicher, President vum Naturpark Our, deen zesumme mat deenen zwee aneren Naturparken zu Lëtzebuerg, der Gemeng Käerjeng an dem Syndicat PRO-SUD, deen d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, dëst Evenement organiséiert hat, huet d’Gäscht begréisst. Hien huet ënnerstrach, datt et, nom „Meet the Makers“, engem grousse Marché vun de lokale Produzenten um Ufank vum Kulturjoer 2007, wichteg war, datt d’Naturparken och 2022 déi lokal Produzenten an alternativ Verhalens- an Ernierungsformen, mat engem Event am Kader vun Esch 2022 – Europäesch Kulturhaaptstad, ënnerstëtzen.

Zweete Riedner war de Georges Mischo. A senger Ried huet de President vum Gemengesyndikat PRO-SUD d’Promotioun vun de lokale Produiten ugeschwat, eng vun den Haaptmissioune vun der Minett UNESCO Biosphere. Eréischt am leschten August ass mat “Mmmh … Minett!” eng Strategie fir d’Promotioun an d’Traçabilitéit vu Liewensmëttel, déi um Territoire vum eenzege Biosphärereservat zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, virgestallt ginn. D’Promotioun vun dëser lokaler Produktioun bleift och an den nächste Joren eng Prioritéit fir d’Minett UNESCO Biosphere, esou de Georges Mischo weider.

D’Wichtegkeet vun der Ënnerstëtzung vun der lokaler Liewensmëttelproduktioun huet och de Michel Wolter, Buergermeeschter vun der Gemeng Käerjeng, a senger Ried betount. An enker Zesummenaarbecht mat PRO-SUD an de Liewensmëttelproduzenten aus der Regioun, wëll d’Gemengeverwaltung vu Käerjeng an noer Zukunft e Produzentebuttek fir lokal Liewensmëttel schafen. Dofir huet de Michel Wolter eng substantiell logistesch Ënnerstëtzung duerch senger Administratioun an Aussiicht gestallt.

Fir den Ofschloss vun der offizieller Ouverture vum Festival “Au Goût du Terroir” huet de Minister fir Landesplanung, Claude Turmes, d’Wuert ergraff. D’Schafe vun engem Produzentbuttek wäert voll vu sengem Ministère ënnerstëtzt ginn, sot de Claude Turmes a senger Ried, an där hien d’Wichtegkeet betount huet, fir de Konsum vu lokalen a saisonale Produkter vun engem fréien Alter un ze fërderen. An deem Kontext huet hien op d'”Ecole du Goût” vun de Lëtzebuerger Naturparke verwisen, déi geschwënn an Infrastrukture plënnere kënnen, déi speziell fir Geschmaachsunterricht entworf goufen.

 

Ongeféier 60 Aussteller aus 7 Länner

D’Reaktioune vun den Aussteller waren och positiv, well de Maart “Au Goût Du Terroir” et hinnen erlaabt huet sech einfach mat Clienten auszetauschen an hir Produiten un en interesséierte Public ze verkafen, dee wärend deenen dräi Deeg vum Maart op Käerjeng komm ass.

D’Naturparken Our an Öewersauer, de Natur- a Geopark Mëllerdall, d’Gemeng Käerjeng an d’Minett UNESCO Biosphere si ganz zefridde mam Succès vun der éischter Editioun vun dësem regionale Liewensmëttelmaart. Net nëmmen d’Stänn vun de lokale Produzenten hate Succès, mee och d’Informatiounsstänn vun den Naturparken, dem Landwirtschaftsministère an de gemeinsame Stand “Entdeckt de Minett” vun der Minett UNESCO Biosphere an Zesummenaarbecht mam regionalen Office de Tourisme “Visit Minett” an der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 si vu ville Visiteure besicht ginn, fir sech nach méi am Detail z’informéieren.