Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Éischt Renkonter mat de lokale Produzenten

De Samschdeg, 19. Mäerz, war déi éischt Editioun vun der „ Journée des producteurs locaux ». Op Initiative vum Gemengesyndikat PRO-SUD, dee fir d’Minett UNESCO Biosphere responsabel ass, a senge Partner gouf dës am Kulturhaus “Käerjenger Treff” zu Nidderkäerjeng organiséiert. Et war eng Geleeënheet mat de Produzenten aus dem Minett a senger Ëmgéigend en interessanten Dialog ze starten.

Wëllen, déi lokal Produktioun z‘ënnerstëtzen

D’Minett UNESCO Biosphere an Au Goût du terroir hate Landwirt an Handwierker op en Informatiouns-, Diskussiouns- a Formatiounsdag invitéiert. D’Anouk Boever-Thill, Presidentin vu PRO-SUD, huet um Ufank vum Dag de politesche Wëllen ënnerstrach de lokale Produzenten ze hëllefen, andeems d’Méiglechkeeten, déi d’Minett UNESCO Biosphere bitt, fir lokal Produkter regional ze vermaarten, solle genotzt ginn.

Nodeems d’Participanten iwwert déi Projeten informéiert goufen, déi bis ewell initiéiert konnte ginn, goung et an enger gemeinsamer Diskussiounsronn ëm zwee konkret Sujeten, déi op de Resultater vun engem grousse Sondage, deen ënnert den Awunner vun der Regioun realiséiert gouf, baséiert hunn. Esou ass am grousse Krees iwwert d’Wichtegkeet vu „magasins producteurs“ an de Verkaf vu lokale Liewensmëttel a Supermarchéë geschwat ginn. D’Ëmfro aus dem Joer 2021 hat gewisen, datt de Konsument lokal Produiten am léifsten do keeft. E weidere Sujet war eng Promotiounscampagne fir lokal Produiten, fir engersäits de Bekanntheetsgrad vun dësen ze steigeren an anerersäits Kontakter zu professionelle Vertrieder aus dem Liewensmëttelberäich ze knäppen.

No engem Mëttegiessen an der „Brasserie D’Braustuff“ stoung den Nomëtteg am Zeeche vun zwee verschiddene Workshoppen. D’Societéit “EVERARD Consulting & Communication” huet de Produzenten Äntwerten op d’Froe ginn, firwat, wou a wéini een iwwert seng Produite soll kommunizéieren a beim Workshop vum Oekozenter Pafendall ass et drëms gaange Verkafsstänn op Green Events ze plangen an ze realiséieren.

Zweet Entrevue am Hierscht

Déi éischt „Journée des producteurs locaux » aus dem Süde vu Lëtzebuerg huet de Produzenten eng Geleeënheet gebuede fir hir Erwaardungen auszedrécken. Déi regional Acteuren analyséieren elo d’Proposen, déi hei gemaach goufen, fir, no enger weiderer gemeinsamer Renconter am Hierscht, konkret Schrëtt fir d’Valorisatioun vu lokale Produiten aus der Minett UNESCO Biosphere an d’Weeër ze leeden.

Au Goût du Terroir vum 30.9. bis 2.10.

Enn September wäerten déi lokal Produzenten an Handwierker sech, hir Produiten an hiert Kënnen dann och dem breede Public weisen. Vum 30. September bis den 2. Oktober invitéieren d’Gemeng Käerjeng, d’Minett UNESCO Biosphere an d’Naturparke Mëllerdall, Öewersauer an Our op den „Au Goût du Terroir“. Op dësem Esch2022-Evenement wäerten eng ronn 90 Exposanten aus der Regioun an dem Recht vum Land hier lokal Produite virstellen a verkafen. Donieft wäert et eng Rei vu Workshoppen an Ateliere ginn, déi Goût, Geroch a Genoss an de Mëttelpunkt stellen.