Minetter Bongerten
D’Minett UNESCO Biosphere huet, mat der Ënnerstëtzung vun den eenzele Gemengen, en Iventaire erstallt, deen déi kommunal Bongerten weist, an déi een däerf plécke goen.
Eist Zil ass et:
• Jiddereen z’encouragéieren, dës héichwäerteg a lokal Liewensmëttel gratis plécken oder sammelen ze goen.
• Uebst a Produiten, déi dorausser entstinn, ze valoriséieren.
• Dozou bäizedroe méi iwwert d’Uebst an d’Bongerten vun der Minett UNESCO Biosphere ze léieren.
• Ënnerstëtzung fir lokal Veräiner bidden, déi gemeinsam Pléckaktioune plangen an organiséiere wëllen.
• D’Bongerten an hir Alentouren, déi en Deel vun den urbane Gréngfläche sinn, ze schützen an z’erhalen.
Klickt einfach op de Logo vun enger Gemeng, fir all d’Bongerten an dëser Gemeng ze gesinn.