Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow Naturlab & Urbanlab
quote quote

Naturlab

 

 

 

De MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt Léierlab proposéiert ëmmer nees Aktivitéite fir jiddereen aus der Minett UNESCO Biosphere, oder  aus dem Recht vu Lëtzebuerg, deen de biologeschen, geologeschen an industrie-kulturelle Räichtum vum Süde vu Lëtzebuerg entdecke wëll.

 

Vun Äppel a Bieren

 

 

 

 

Entdeckt de gréisste Bongert vum Land, deen als Naturschutzgebitt en Deel vun der Minett Biosphere ass.

 

 

De Pomolog Richard Dahlem verréit hëlt Iech mat an d’Uebstbaugeschicht vum Bongert Altenhoven a weist Iech déi verschidden lokal an traditionnel Uebstzorten, déi hei wuessen.

 

 

Am Laf vum Tour degustéiert Dir en plus déi histroesch Äppel a Bieren, déi Dir virdrunner gepléckt hutt.

 

 

Sprooch: Däitsch

Wou:

 

Bongert Altenhoven

rue John F. Kennedy

L-3249 Beetebuerg

Wéini:

 

Mëttwoch

25.09.2024

17:30 – 19:30

 

Expert:

 

Richard Dahlem

(Pomolog)

 

 

 

Geodiversity Day 2024

 

 

 

 

 

Geologesch Wanderung mat Erklärungen iwwert d’Spezifizitéite vun der Minetter Geologie. Wou kënnt d’Minett hier? Wat ass esou speziell un der Minett? Wéi kann een d’Geologie vum Minett besser valoriséieren?

 

 

De Geolog Romain Meyer hëlt Iech mat op eng faszinant Rees an d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft vun der Minett.

 

 

Sproochen: LU, FR, EN

Wou:

 

Naturschutzgebitt “Giele Botter”

RDV: Parking vum Bëschkierfecht

Nidderkuer

Wéini:

 

Sonndeg

06.10.2024

10:00 – 13:00

 

Expert:

 

Romain Meyer

(Geolog)

 

 

 

 

 

 

Newsletter

Abonnéiert Iech op den Newsletter vum Minett Natur an Ëmwelt LéierLab

Är Mail gëtt just benotzt fir iech den Newsletter ze schécken

an Dir kënnt Iech iwwert en einfache Link zu all Ablack nees ofmellen.

 

 

KONSORTIUM:

 

 

FINANZÉIERT DUERCH: