Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
image
Natur & Wëssenschaft

Op de Spuere vun der Bëschléierchen

Atelier am Kader vum MiNELL - Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab

Datum(er)

30/03/2025 09:00 - 12:00

Dir hutt villäicht schonn emol vun der Bëschléierchen héieren, eisem emblematesche Vull aus de Minetter Dagebaugebidder. Mee Dir hutt si nach ni gesinn oder héieren?

Hei ass Är Geleeënheet un engem klenge Spadséiergang (± 5km) um Lallengerbierg, dem Haaptbruttgebitt vun dësem Vull zu Lëtzebuerg, deelzehuelen.

Entdeckt d’ Bëschléierchen, hir Liewensraim an d’Aktiounen, déi ëmgesat ginn, fir dëse sympatheschen Awunner aus de Kärzone vun der Minett Unesco Biosphär ze schützen an ze fërderen.

Bréngt eng Spektiv mat, wann Dir eng hutt, an denkt u fest Schong a Kleeder, déi dem Wieder ugepasst sinn.

Expär: Jan Herr (Biolog &

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 26 17 97 1

E-mail: minell@minett-biosphere.com

Internet: https://minett-biosphere.com/

Gratis Atelier op Aschreiwung!

Klickt hei fir Iech unzemellen!

Organisateur

Minett UNESCO Biosphere

Partager