Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
image
Natur & Wëssenschaft

De Bësch schmaachen – Hierscht

Atelier am Kader vum MiNELL - Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab

Datum(er)

26/10/2025 09:30 - 14:30

An der Natur vum Ellergronn entdecken a sammele mir Kraider a Planzen, déi am Hierscht hei wuessen.

Zesumme mat der Kraiderpedagogin Christiane Laures léiere mer se ze identifizéieren an domadden ze kache fir verschidde Geschmackserliefnisser entstoen ze loossen.

Um Schluss vun der Aktivitéit iesse mer zesummen, déi Platen, déi eis de Bësch offréiert huet.

En Deel vum Atelier ass an de Bëscher vum Ellergronn. Denkt duerfir drun fest Schong a Kleeder, déi dem Wieder ugepasst sinn, unzedoen.

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 26 17 97 1

E-mail: minell@minett-biosphere.com

Internet: https://minett-biosphere.com/

D'Evenement ass gratis an op Aschreiwung!

Dir kënnt Iech geschwënn hei aschreiwen!

Organisateur

Minett UNESCO Biosphere

Partager