D’Kabaisercher
D’Plaz, esou wéi den architektoneschen a kënschtlerechen Amenagement vun den 11 Kabaisercher goufe mat Hëllef vun engem Architekteconcours erausgesicht.
Dëse Concours, dee vum OAI an dem PRO-SUD, dem Gemengesyndikat, deen d’Minett UNESCO Biosphere koordinéiert, hat als Zil Kabaisercher (eng pro Gemeng) fir Wanderer, laanscht de Minett Trail, ze kreéieren. De Minett Trail ass e Wanderwee, dee sech queesch duerch den Territoire vun den 11 Gemengen, déi an der Minett UNESCO Biosphere zesummegeschloss sinn, zitt.
Durch Neibauten oder d’Renovatioun vun existente Strukturen sollte Gebaier mat enger aussergewéinlecher Architektur entstoen, déi d’Geschicht vum Minett dokumentéieren. De Minett ass eng Regioun mat grousser mënschlecher Diversitéit, déi duerch seng Migrations- an Industrievergaangenheet entstanen ass.
Andeems 11 verschidde Architekteconcoursen an engem zesummegefaasst goufen, war dës ganz innovant Prozedur eng Première am Grand-Duché.
De Concours gouf den 11. November 2019 lancéiert an 91 Kandidature sinn am Ganzen agereecht ginn. E Selektiounscomité, deen aus 3 Memberen zesummegesat war, huet fir all eenzele Siten, vun deenen 11 am Ganzen, 3 Dossieren zeréckbehalen. De Jury, deen aus 13 Membere bestanen huet, huet de 5. a 6. Mäerz 2020 aus den 33 Dossieren, déi iwwereg bloufen, déi 11 Kabaisercher erausgesicht, déi duerno realiséiert goufen oder nach amgaange si gebaut ze ginn: