Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Rocklines – D’Auteuren

D’Biographie vun den Auteuren

Davide Sapienza

 

 

Zënter 1984 an der Verlagswelt ënnerwee, war dem Davide Sapienza säin „éischt Liewen“ der Musek, dem Iwwersetze vu klasseschen Auteuren, dem Journalismus, dem Radio an der nationaler Tëlee dediéiert. An dëse Joren huet hien och intensiv mat native-american Dichter ewéi dem Lance Henson an dem John Trudell zesummegeschafft, déi him gehollef hunn, eng poetesch Visioun a Bezuch zu eiser Äerd z’entwéckelen.

 

Zënter 1998 huet hie sech op Reesen an Exploratioune konzentréiert an dobäi natierlech och säi besonnesche Stil entwéckelt. An d‘Ëffentlechkeet ass hien 2004 getruede mat engem Reesberiicht, dem „I Diari di Rubha Hunish“, deen héich gelueft gouf an am selwechte Joer mam Bruce Chatwin Prize ausgezeechent gouf. D’Buch ass e Kulttext fir vill jonk Auteure ginn a war den Optakt vun engem literareschen Zyklus, deen 2019 mat „Il Geopoeta. Avventure Nelle Terre Della Percezione“ op en Enn gaangen ass.

 

2008 huet den Davide Sapienza mam Realisateur Enrico Verra den innovativen Documentaire „Scemi di Guerra“ iwwert den éischte Weltkrich geschriwwen. E Wierk wat zum Nodenken ureegt. 2014 huet de Sapienza mam Geograph, Fuerscher an Auteur Franco Michieli eng dräi Joer laang Aarbecht um Terrain fir d’ERSAF, de regionalen Institut fir Bëscher a Landwirtschaft an der Lombardei, ofgeschloss. Et war eng Wanderetüd duerch d’Zentralalpe vu Valcamonica. Domat ass aus iwwer 1000 Kilometer Weeër, alen a vergiessene Stroossen, e 70 Kilometer laangen Trail entstanen, déi d’Häff vun der Biergbaueren aus der Regioun matenee verbënnt. Dëse Wee, dee „Via Die Silter“ heescht an iwwert deen et och e geopoetesche Reesguide gëtt, ass 2020 an d’Buch „Cammina Italia“ integréiert ginn. 

 

Donieft huet den Davide Sapienza fir d’Bergamo-Editioun vum „Corriere della Serra“ geschafft » a preparéiert e Projet fir Bodo2024 – europäesch Kulturhaaptstad.

 

Robert Weis

 

 

Als richtege Minettsdapp, huet de Robert Weis schonn a jonke Joren eng Passioun fir Fossilien a lokaalt Gestengs entwéckelt. Als fréiere Gewënner vum Concours „Jeunes scientifiques“ schafft hien zënter 2002 am ‘naturmusée’. Hei këmmert hie sech ëm déi paleontologesch Kollektiounen an ass Fuerscher mam Spezialgebitt fir Mieresinvertébrés aus der Jura-Zäit.

 

Hien ass Auteur vun engem 30 wëssenschaftleche Publikatioune ronderëm d’Taxonomie an d’Paleogeographie vu fossille Cephalopoden. Méi rezent ass de Schutz an d’Valorisatioun vum geologeschen Ierwen eng vun de Preferenze vum Robert Weis ginn. Hien organiséiert reegelméisseg Ausflich, op deenen Interesséierter d’Landschafte méi no bruecht kréien a wou hie probéiert d’Säite vun deem Buch, wat eise Planéit bis ewell geschriwwen huet, z’interpretéieren.

 

Nieft sengem berufflechen Engagement ass de Robert Weis och schonn ëmmer kënschtleresch aktiv gewiescht. Mam Veräin „Panoplie“ huet hien tëscht 2005 an 2010 ronn 50 Concerten zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun organiséiert. Donieft ass hie Grënner vum onofhängege Label „Pocket Heaven Records“ a war laang Jore Co-Moderatior vun der Emissioun „Sentier Sonori“ op Radio Ara.

 

Zesumme mam italieneschen Auteur Davide Sapienza huet de Robert geopoetesch a literaresch Wanderungen am Mëllerdall an der Stad Lëtzebuerg organiséiert. Seng Léift fir Reesen an Entdeckungen huet hien och méi ewéi eng Kéier bis a Japan gefouert. D’Notizbicher vun dëse Reese publizéiert der Robert Weis op sengem Blog theroutetokyoto.com.