Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Rocklines 2021

Am Kader vun der geopoetescher Entdeckungsrees am Juli 2021 hat d’Minett UNESCO Biosphere eng Rei ëffentlech Manifestatiounen organiséiert fir d’Awunner aus der Regioun mam Konzept vun der Geopoetik a Kontakt ze bréngen.

 

Hei fannt dir déi eenzel Manifestatiounen nach eng Kéier erëm.

 

Mëttwochs, de 14. Juli – Konferenz a Vagabondage um Belval

 

An dëser Konferenz haten d’Dr. Estelle Evrard an d’Dr. Lise Landrin, Fuerscherinnen am Fachberäich Geografie op der Uni Lëtzebuerg, déi de Begrëff vun der emotionaler Geografie an engem Esch2022-Projet ënnersichen, hire Projet presentéiert.

 

Do virdrunner hat den italienesche Geopoet Davide Sapienza d’Konzept vun der Geopoetik erkläert an gewisen wat dëst Konzept a Bezuch zu der emotionaler Connectioun vu Mënsche mat hirer intimer Geografie ze bidden huet.

Méi Informatiounen:

 

 

 

Sonndeg, den 18. Juli – Hike & Bite zu Schëffleng

 

D’Gemeng Schëffleng hat op e geopoetesche Brunch an d’Naturschutzgebitt Brucherbierg-Lalléngerbierg invitéiert.

 

De Start war beim Stade Jean Jacoby a vun do aus goung et ze Fouss duerch eng vun de Kärzonen vun der Minett UNESCO Biosphere, déi d’Participanten esou op eng nei, geopoetesch, Manéier entdecke konnten.

 

Um Schluss vum Trëppeltour gouf et dunn de Brunch mat lokale Produiten.

Méi Informatiounen:

Impressioune vum Hike & Bite zu Schëffleng

Freideg bis Sonndeg, 23.-25. Juli – Geopoetic Camp zu Lasauvage

E Grupp vu jonke Leit war e Weekend laang zu Lasauvage op Entdeckungsrees.

 

Zesumme mat den zwee Auteuren hu si en neie Bléck op d’Landschaft gesicht.

 

Nieft der Zowaasch hu si och de Giele Botter an de Fonds-de-Gras entdeckt.

Méi Informatiounen:

Dënschdeg, de 27. Juli – Sunsetwalk @ Léiffrächen

Guidéiert geopoetesch Wanderung duerch d’Léiffrächen.

 

Lecture vu geopoeteschen Texter duerch d’Auteuren.

 

Sonnenënnergang vum Huttbierg.

 

Méi Informatiounen:

Billergalerie vum Sunsetwalk op der Léiffrächen.