Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Vagabondage @ Belval

Konferenz „Geography in (e)motion“

Nom Seminaire « Geograpy in (e)motion », dee gëschter vun der Minett UNESCO Biosphere an der Maison du Savoir vun der Uni Lëtzebuerg um Belval organiséiert gouf, war e Vagabondage duerch deen nach neie Quartier ugesot.

Bei der Konferenz hat den italienesche Geopoet Davide Sapienza op d’Roll vun der Geopoetik a sengem Liewen higewisen. Hien hat awer och ënnerstrach, datt d’Geografie an de Fait op eis Landschaft ze lauschteren, hëllefe kéint, déi verluere Connectioun zu der Natur nees erëmzefannen.

Ëm Connectioune mat sengem Ëmfeld ass et och am zweeten Deel vum Seminaire gaangen. Do hunn d’Geografinnen Estelle Evrard a Lise Landrin hire Projet « Remix Places » virgestallt, wou si, am Kader vun Esch2022, wëssenschaftlech erfaasse wëllen, wéi Mënschen op hiert direkt geografescht Ëmfeld reagéieren a mat dësem interagéieren.

Hei kënnt dir déi ganz Konferenz nach emol kucken.

De Belval am Schloreen

No der Konferenz goung et dunn, am Schloreen, eraus op de Belval, wou den Historiker Thomas Cauvin, vum C2DH, dem Davide Sapienza an den anere Visiteure vun der Konferenz de Wandel vum Belval erkläre wollt.

Wéinst den aussergewéinleche meteorologesche Konditiounen, mat deene Lëtzebuerg, an och d’Minett UNESCO Biosphere, et gëschter ze dinn haten, ass d’Visitt vum Belval quasi op eng Visitt vun den Héichiewe limitéiert ginn.

Héichiewen als Zäitzeien

Den Davide Sapienza huet sech beandrockt gewisen iwwert d’Zeie vun der Industrialiséierung, déi am Häerz vum neie Quartier erhale bloufen an drun erënneren, wéi aus dem Minett dat ginn ass, wat et haut ass. En plus sot de Geopoet, datt hien, a Gespréicher mat Leit aus dem Minett, enorm vill Vuen op de Belval beschriwwe krut, wat weise géif, wéi ënnerschiddlech Bausubstanz a Landschaften op verschidde Leit wierke kënnen.

Den Historiker Thomas Cauvin huet, bei der Diskussioun um Fouss vum Héichuewen, ënnerstrach, datt et gutt wier, datt dës Kathedrale vum Minett erhale bloufen. Et wier wichteg eng Plaz, déi quasi 100 Joer laang d’Schicksal vun enger ganzer Regioun bestëmmt huet, ze fleegen an esou d’Geschicht vum Minett och fir déi nächst Generatioune siichtbar ze halen.

D’Geografin Estelle Evrard huet ofschléissend gemengt, datt de Belval, esou wéi e sech grad entwéckelt, an engems unzéiend an ofstoussend kéint wierken. Dëse Phänomeen wier awer op de ganze Grand-Duché z’applizéieren. D’Erklärung duerfir sinn déi sëllegen Opportunitéiten, déi sech hei bidden, mä och déi héich deeglech Käschte mat deenen d’Realisatioun vun dëse verbonne wier.

Suite vun de Rocklines

Wann d’Wieder et erlaabt wäerten den italieeneschen Auteur Davide Sapienza an de Lëtzebuerger Wëssenschaftler Robert Weis haut am Laf vum Dag hir geopoetesch Entdeckungsrees duerch d’Minett UNESCO Biosphere viruféieren op der Sich no de Wierder, déi eis Géigend hinne mat op de Wee ze ginn huet.