Reintroduktioun vu Schmuebelen an urbane Gebitter:
ErfollegrĂ€icht Ămsetze vun HabitatmesurĂ« fir Schmuebelen an urbane Gebitter
Probleem:
DâZerstĂ©ierung vun Habitater vu Vullenaarten an urbane Raim fĂ©ieren zu engem iwwergrĂ€ifenden Ămweltprobleem. An de vergaangene Jore sinn zu LĂ«tzebuerg Ă«mmer mĂ©i Gebaier aus dem Buedem gezu ginn. An engems goufen och al Scheieren ofgerappt oder renovĂ©iert, an deene Schmuebele soss e Refuge fir hir NĂ€schter fonnt hunn. Hei fĂ€nkt den DĂ€iwelskrees vum BiodiversitĂ©itsverloscht un! Energieeffizient Gebaier sinn zwar gutt fir dâĂmwelt, mĂ€ se verhĂ«nneren awer och, dass Vullen Ă«nnert den Diech oder an de Fassade LĂ€cher fannen, an deenen se en Nascht baue kĂ«nnen. De Verloscht u Liewensraum gĂ«tt duerch dâVersigele vum Buedem duerch Gebaier, Parkplazen, Kiselsteng asw. verstĂ€erkt. DâFeele vu GrĂ©ngflĂ€che fĂ©iert zu engem Verloscht vu Liewensraum fir Insekten, zum Beispill de Reewuerm, op deen dâSchmuebelen als Haaptnarungsquell ugewise sinn. GlĂ€ichzĂ€iteg fĂ©iert de Waasseroffloss, duerch dĂ©i versigelt Surfacen, dozou, datt keng Pill oder kleng Baachen entstoe kĂ«nnen, esou datt dâWaasserversuergung fir Schmuebelen, BestĂ«bser an Insekten net garantĂ©iert ass.
Léisung:
Schmuebele kĂ«nnen an urbane Gebidder liewen, wann dâPopulatioun, dâGemengen an dâRegierunge kleng Adaptatioune maachen. En Usazpunkt wieren dâEntsigelung vu Buedem, deen net onbedĂ©ngt muss versigelt sinn, zum Beispill a Parkanlagen, dĂ©i et scho gĂ«tt. ZousĂ€tzlech kĂ©inten Trottoire begrĂ©ngt ginn, kleng Bamgruppen a wĂ«ll Blumme geplanzt ginn. Eng kĂ«nschtlech Solutioun, dĂ©i schonn am Kader vum Projet âUrban Birdsâ getest ginn ass, wier dâInstallatioun vu kĂ«nschtleche VullennĂ€schter un de Fassade vun Haiser an Ă«nnert den Diech, fir de Villercher en optimale Schutz ze bidden.