IFEN Formatiounen
Mir bidde reegelméisseg Formatioune fir Enseignantë aus der Grondschoul an dem Secondaire un, déi vum IFEN zertifiéiert sinn.
D’Thematike vun dëse Formatioune gi vun nohalteger Bildung bis zu de verschidden Naturwëssenschaften.
A la découverte des champignons / Pilze entdecken
Champignonen (Fungi oder Fonge) sinn eng grouss Grupp vun Organismen, vun deenen et méi verschidden Aarte wéi bei de Planze gëtt. Vum Recycling vun organescher Matière bis zum Narungsmëttel, dat mir iessen, hir Roll ass fir d‘Liewen op der Äerd vun essentieller Bedeitung. D’Welt vun de Champignonen ass nach relativ onbekannt, heiansdo provozéiert dee Sujet Angscht, se bidden awer eng erstaunlech Diversitéit vu Formen, Texturen a Faarwen.
D’Zil vun dëser Formatioun ass et, op d‘Champignonen opmierksam ze maachen, deene mir an eiser Ëmwelt begéinen, dacks ouni et ze wëssen, an där hir Liewensraim deels scho menacéiert sinn.
Zilgrupp: Léier- oder Erzéiungspersonal aus der Grondschoul (Cycle 2 bis 4)
Wou:
Naturschutzzentrum Ellergronn
6, Ellergronn
L-4114 Esch/Uelzecht
Wéini:
Dë, 15.10.2024
Do, 17.10.2024
Dë, 22.10.2024
Auerzäit:
all Kéiers
14:00-17:00
KONSORTIUM: