Chronologie vun der ATE Rëmeleng
September 2021
Am September 2021 gëtt d’Moselle Sud als Biosphärereservat vun der UNESCO an de Programm “Man and the biosphere” opgeholl.
Éischt Kontakter tëscht der Minett UNESCO Biosphere an dem 16. franséischer Biosphärereservat entstinn.
Fréijoer / Summer 2022
D’Iddi eng éischt “Aire Terrestre Educative” zu Lëtzebuerg z’implantéieren passt an d’Konzept vum MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab, well esou Schoulkanner aktiv Wëssen iwwert d’Natur vermëttelt kënne kréien.
D’Sich no engem potentielle Site gëtt vun de Responsabelen vun der Minett UNESCO Biosphere lancéiert.
Séier stellt sech eraus, datt den Arboretum “An Aenzelen” zu Rëmeleng genee déi richteg Plaz fir esou e Projet wier.
Hierscht 2022
Mat der Naturverwaltung (ANF), der Stad Rëmeleng, de Rëmelenger Schoulen an dem CIGL vu Rëmeleng fënnt d’Minett UNESCO Biosphere déi richteg Partner, déi vun der Iddi vun enger “Aire Terrestre Educative” begeeschtert sinn, a bei der Realisatioun vum Projet matmaache wëllen.
De Lancement vum Projet gëtt op Januar 2023 festgeluecht.
19.01.2023
Déi zwou Klassen aus der Rëmelenger Grondschoul, déi an den nächsten 12 Méint um Projet matschaffen, maachen eng éischt Visitt um Terrain.
Aus dem Arboretum “An Aenzelen” soll bis Januar 2024 déi éischt “Aire Terrestre Educative” zu Lëtzebuerg ginn.
25.01.2023
No der Visitt um Terrain maachen d’Kanner sech éischt Gedanken iwwert d’Gestaltung vun hirer “Aire Terrestre Educative”.
Et entstinn eng Hellewull Iddien, vun deenen elo muss gekuckt ginn, wat konkret kann ëmgesat ginn a wat pedagogesch Sënn mécht.
27.03.2023
D’Ekipp vun der Minett Biosphere ass op Vaspersviller gefuer, fir méi iwwert d’Aire terrestre éducative vun der Biosphär Moselle Sud ze léieren.
Eng 100 Kanner goufen a 4 Gruppe gemëscht an hunn un véier verschiddenen Aktivitéiten deelgeholl. Si hunn d’Aarbecht vum lokale Fierschter an d’Déieren a Videoe vu Filmfalen an hirem Naturgebitt entdeckt. Si kruten d’Geschicht vun de ville Seeëreie laanscht de Floss erzielt, déi mat Waasserkraaft ugedriwwe goufen a konnten unhand vun engem klenge Waasserrad am Floss d’hydraulesch Energie ausprobéieren.
Duerno hu se déi wëll Déieren, déi an der Géigend liewe präsentéiert krut an hunn Gestrëpp a kleng Beem laascht d’Flossufer geplanzt fir d’Flossbett ze stabiliséieren.
26.04.2023
Zu Rëmeleng hunn eis zwou Schoulklasse vun dem Pilotprojet “Aire Terrestre Educative” de Jan Herr getraff, deen sech em d’Natura 2000 Naturschutzgebitter këmmert.
Si hunn sech zesummen en spezifeschen Deel vum Arboretum ugekuckt: de Front de taille.
Déi héich Mauer aus Steng, déi duerch den Ofbau vum Minett am Dagebau entstanen ass, gouf viru kuerzem vun der Naturverwaltung (ANF) a Stand gesat.
05.07.2023
Am Mee hunn d’Kanner den Arboretum op eng spilleresch Manéier entdeckt. Zesumme mat der Equipe vum Spektrum Rëmeleng hunn d’Kanner d’Technik vum Land Art entdeckt: d’Kreatioun vu Konschtwierker mat Materialien aus der Natur an der Natur.
Si krute Beispiller vu Land Art Wierker gewisen a konnte Froe stellen. Doropshin hunn se Materialie gesammelt fir hier eegen ephemère Wierker ze kreéieren. All Kand huet en eegent klengt Wierk gebaut an huet seng Iddie virgestallt.
Zum Schluss hunn d’Kanner, zesummen als Grupp, un der bestoender Hütt weider geschafft an dës dekoréiert.
08.11.2023
Am Hierscht hunn d’Schüler déi lokal Lafbeem, ënnert anerem d’Rout Bich, de Käschtebam, de Kiischtebam an d’Eech kennegeléiert. Den Naturguide Camille Reiter huet op eng spilleresch Aart a Weis d’Bestëmme vu Blieder erkläert.
D’Kanner kruten déi markant Charakteristike vun de verschiddene Blieder unhand vun der Form, Gréisst, Stil, Rand an Haptik erkläert a sinn dann op d’Sich vun de jeeweilege Blieder gaangen.
Op dës Manéier ass op engem Nomëtteg en Herbarium voller Hierschtfaarwen entstanen, dee gedréchent gëtt an enger zweeter Seance mat de Schüler opgepecht a bestëmmt gëtt.
15. & 22.11.2023
An der Klass hunn d’Schüler mussen erausfannen zu wéi engem Bam déi jeeweileg gedréchent Blieder gehéieren. Si hunn dunn d’Blieder opgepecht an d’Mierkmoler vun der Bamaart opgeschriwwen.
Dobäi gouf eng kleng Illustratioun vum Som vun dem jeeweilege Bam gezeechent. Esou hunn si hiren Hierscht-Herbarium zesumme fäerdeg gestallt.
21. & 28.02.2024
D’Schüler hu Vullenhaisercher mat Neel zesummegebaut, déi den CIGL Rëmeleng virgeschnidden hat. Dono hunn si se vun de Kanner ugestrach ginn, fir d’Haisercher wiederfest ze maachen.
25.03.2024
Zesumme mat Aarbechter vun der Naturverwaltung (ANF) sinn d’Vullenhaisercher am Arboretum “An Aenzelen” opgehaange ginn. D’Kanner konnte matbestëmmen, op wéi enge Beem hir Konstruktiounen en neit Doheem fir déi nächst Generatioun vu Villercher solle ginn.
15.04.2024
80 Schoulkanner aus der Réserve de biosphère Moselle Sud waren op Besuch an der Aire Terrestre Educative zu Rëmeleng.
D’Kanner vu Rëmeleng hunn hire franséische Gäscht gewisen, wat si bis ewell an der ATE gemaach hunn. Duerno waren d’Kanner zesumme kreativ an hu Landart erstallt an eng Sonnenauer gebaut, déi elo am Arboretum steet.
22.04.2024
Zesumme mat der Grafikerin Lisa Keiffer an dem Kulturzentrum Spektrum wäerten déi zwou Rëmelenger Schoulklassen d’Beschëlderung am Arboretum, an deem d’Aire Terrestre Educative ass, nei maachen.
Et war den Optakt vun dësem Projet, dee bis d’grouss Vakanz dauert an dann am Hierscht offiziell am Arboretum presentéiert gëtt. De Radio 100,7 war mat op der Plaz fir sengen Nolauschterer d‘Konzept vun der Aire Terrestre Educative ze presentéieren.
13.05.2024
Kreative Workshop zesumme mat der Grafikerin Lisa Keiffer an der Schoul.
D’Kanner vun den zwou Rëmelenger Schoulklassen hunn éischt Ikonen a Biller gemoolt fir déi nei Beschëlderung am Arboretum.
Dës ginn an enger zweeter Phas verfeinert an da wäerten d’Kanner an engem weideren Atelier selwer decidéieren, wéi dës Symboler op déi nei Schëlder placéiert ginn.
24.06.2024
Fir e weidere kreative Workshop mat der Grafikerin Lisa Keiffer war de Rendez-vous dës Kéier am Kulturzentrum “Spektrum”.
Dës Kéier hunn d’Kanner hir Illustratioune finaliséiert an d’Symboler op hirer Kaart, déi elo an den Arboretum soll kommen, placéiert.
D’Kaart gëtt elo vun der Grafikerin finaliséiert an de Summer duerch vum CIGL Rëmeleng produzéiert an am Arboretum installéiert.
24.06.2024
Schonn am “Spektrum” war eng Ekipp vun den RTL Kannaniuuss op Besuch fir e Reportage iwwert de Projet ze dréinen.
D’Journalistin an hire Kameramann hunn déi zwou Schoulklassen duerno nach an den Arboretum begleet.
Hei krut d’RTL-Ekipp gewisen an erkläert wat d’Kanner bis ewell am Kontext vun der Aire Terrestre Educative gemaach a geléiert hunn.
26.09.2024
Mat der Aweiungvun der neier Beschëlderung vum Rëmelenger Arboretum, a Präsenz vum Educatiouns- a Landesplanungsminister Claude Meisch, ass de Pilotprojet vun der Aire Terrestre Educative ofgeschloss ginn.
Déi nei Beschëlderung valoriséiert an Zukunft den Arboretum „An Aenzelen“ an erënnert un den Engagement vun den zwou Rëmelenger Grondschoulklassen, déi um ganze Projet bedeelegt waren.
Detailléiert Conclusioune vun der Rëmelenger ATE:
Hei fannt Dir en Artikel, mat de Conclusiounen, déi aus der “Aire Terrestre Educative” zu Rëmeleng konnte gezu ginn.