Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

80 Kanner aus Frankräich op Besuch

E Méindeg war eng Delegatioun vu ronn 80 Schoulkanner aus der Réserve de biospère Moselle Sud op Besuch zu Rëmeleng. Déi zwou Schoulklasse vu Rëmeleng, déi an eiser Aire Terrestre Educative aktiv sinn, hunn hire franséischen Alterskolleege gewisen, wat bis ewell an der ATE geschitt ass a waren duerno mat hinnen zesumme kreativ.

Et gouf Land-Art créeiert an esouguer eng Sonnenauer am Arboretum „An Aenzelen“ opgestallt. No der gemeinsamer kreativer Aarbecht gouf et als Belounung um Schluss och nach e Paangech, éier déi franséisch Delegatioun nees heem gefuer ass.

De Projet vun der Aire Terrestre Educative geet schonn an der nächster Woch virun. Als nächst Etapp soll, zesumme mat enger lokaler Kënschtlerin, eng nei Beschëlderung entwéckelt ginn, mat där déi al Schëlder aus dem Arboretum, déi deels kaum nach ze liese sinn, kënnen ersat ginn.