Mat groussem Houfert hunn zwou Klasse vun der Grondschoul vu Rëmeleng de 26. September d’Resultat vum hirem Pilotprojet vun enger “Aire Terrestre Educative” presentéiert, deen iwwer déi lescht zwee Joer gelaf ass.
Den Trëppelwee duerch den Arboretum “An Aenzelen”, deen ee vun de wéinegen Arboretumen zu Lëtzebuerg ass, krut an deem Kader eng nei Beschëlderung, déi vun de Schüler vu Rëmeleng realiséiert gouf. Dës Beschëlderung gouf a Presenz vum Minister fir Logement a Landesplanung an Educatiounsminister, Claude Meisch, dem Vize-President vum Syndicat PRO-SUD, Erny Muller, an dem Buergermeeschter vun der Stad Rëmeleng, Henri Haine, offiziell ageweit. Duerno goufen déi aner Aktivitéiten, un deenen d’Kanner am Laf vum Pilotprojet deelgeholl hunn, am lokale Kulturzentrum Spektrum presentéiert.
D’Beschëlderung vum Trëppeltour duerch den Arboretum wäert an Zukunft un de Pilotprojet vun der Minett Biosphere erënneren, deen Deel vum MiNELL-Naturlab war, engem Flagship-Projet vum FNR, deen nach bis Ufank 2025 leeft. Déi nei Schëlder bidden an Zukunft jidderengem d’Geleeënheet, de Rëmelenger Arboretum selwer z’entdecken.
© Minett UNESCO Biosphere
D’Konzept
Eng “Aire Terrestre Educative” ass e pädagogescht Konzept, dat de Schüler d’Fräiheet gëtt, hir Interessen an der Natur z’entdecken an z’erfuerschen. An engem am Viraus definéierten Naturraum stëmmen d’Schüler demokratesch iwwer d’Themen of, déi si wëlle verdéiwen, an entwéckelen esou verschidde Projeten an Aktivitéiten, fir déi se vun Experten op der Plaz berode ginn. Dëst Bildungskonzept fërdert net nëmmen d’Verständnis vun der lokaler Biodiversitéit, mee och d’Entwécklung vu wichtege sozialen a kreative Fäegkeeten.
Besonnesch vun dësem Usaz ass, datt ee sech net nëmmen op Naturwëssenschaften an ekologescht Denke konzentréiert, mee en erlaabt och aner Fächer wéi Sproochen, Konscht a Mathematik op eng interdisziplinär an interaktiv Aart a Weis bausst de Schoulmaueren z’enseignéieren. Dëst Format, wat ursprénglech a Frankräich entwéckelt gouf, konnt dank enger enker Zesummenaarbecht tëscht der Minett Biosphere, der Stad Rëmeleng an anere Partner eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn.
Den Oflaf vum Pilotprojet
Am Ufank vum Projet hunn zwou Klassen den Arboretum “An Aenzelen” entdeckt, deen 1993 op den Iwwerreschter vun engem ale lokalen Dreckstipp ugeluecht gouf. Iwwer zwee Schouljoer hunn si de Site erfuerscht andeems si reegelméisseg un Ausflich an Ateliere mat Spezialisten aus verschiddene Beräicher deelgeholl hunn. Een Héichpunkt war d’Participatioun u Land-Art-Atelieren, déi a Zesummenaarbecht mam Kulturzentrum Spektrum realiséiert goufen. D’Kanner hu Konschtwierker aus natierleche Materialien erstallt. D’Visitt vu bal 100 Kanner aus der Réserve de Biosphère Moselle Sud a Frankräich, déi komm sinn, fir déi lëtzebuergesch “Aire Terrestre Educative” z’entdecken, war e weideren Héichpunkt vum Pilotprojet.
Nieft der praktescher Aarbecht hunn d’Schüler am Laf vum Pilotprojet méi iwwer d’Minett-Regioun, d’Geschicht vum Arboretum an de Schutz vun den Natura 2000 Gebidder an den ugrenzende Naturschutzgebidder geléiert. D’Zesummenaarbecht mat der Natur- a Forstverwaltung (ANF), déi d’Kanner fir déi historesch an ekologesch Aspekter vum Arboretum sensibiliséiert huet, huet dës komplett Léiererfarung erméiglecht.
D’Beschëlderung vum Trëppelwee
E wichtegen Deel vum Projet war et, d’Beschëlderung vum Arboretum z’erneieren, well déi al no méi wéi 30 Joer bal net méi ze liese war. D’Resultat sinn nei Orientéierungspanneauen mat engem speziell fir den Arboretum entworfene Logo a Erkläerungspanneauen, déi iwwert de ganze Parcours verdeelt opgestallt sinn.
Déi Rëmelenger Grafikerin Lisa Keiffer huet all dës Panneauen a Zesummenaarbecht mat de Schüler aus deenen zwou Grondschoulklassen erstallt. Si bidden en Abléck an d’Natur an d’Geschicht vun der Regioun, mat Informatiounen, Grafiken a kreative Bäiträg vun de Kanner, déi hir Iddien an Entdeckungen aus dem ganze Projet zesummefaassen. Kuerz Texter, op deenen d’Specificitéite vum Arboretum beschriwwen an ervir gehuewe ginn, komplettéieren déi nei Beschëlderung.
© Minett UNESCO Biosphere / Panneaux: Lisa Keiffer
De Bilan vum Projet
Fir de Claude Meisch, Minister fir Logement a Landesplanung an Educatiounsminister, verbënnt d’Konzept vun der “Aire Terrestre Educative” d’Stäerkte vum Léieren um Terrain, wat de Kanner erlaabt hir Kenntnisser vun der Natur einfach ze verdéiwen andeems si se selwer entdecken, mat der Entwécklung vun engem territoriale Bewosstsinn, dat sech entwéckelt wann ee selwer an iwwer e längeren Zäitraum eng direkt Verantwortung fir en Naturraum, wéi an dësem Fall de Rëmelenger Arboretum, huet.
De Buergermeeschter vu Rëmeleng, Henri Haine, huet mat Bléck op de Pilotprojet ënnerstrach: “Eng “Aire Terrestre Educative” vermëttelt op eng spilleresch a pädagogesch Aart a Weis Wäerter wéi Ëmweltschutz, Demokratie a Verantwortung. Dës Wäerter si wesentlech fir d’Entwécklung vun de Kanner zu verantwortleche Membere vun eiser Gesellschaft. Zousätzlech wäert déi nei Beschëlderung vum Trëppelwee de Leit vu Rëmeleng, souwéi all de Visiteure vun eiser Stad, en eenzegaartege Stéck Natur um Gebitt vun der Minett Biosphere bidden.”
D’Lucie Majerus, Coordinatrice vum MiNELL-Naturlab an der Minett Biosphere, zitt e ganz positive Bilan vun dësem zwee Joer laange Pilotprojet: “D'”Aire Terrestre Educative” huet net nëmmen dozou bäigedroen, d’Ëmweltbewosstsi vun de bedeelegte Schüler ze stäerken, mee huet och eng Plattform geschaf, wou Bildung, Kreativitéit a perséinlech Entwécklung Hand an Hand ginn. Mir si gespaant ze gesinn, wéi dësen innovative Projet sech weiderentwéckelt. Mir hoffen och, datt dëse Modell an anere Regioune vum Land iwwerholl ka ginn, fir an de kommende Joren an de Léierprogramm vun de lëtzebuergesche Grondschoulen integréiert kënnen ze ginn.”