Podcast TUTTI FRUTTI
arrow MMMH... MINETT! LIEWENSMËTTEL AUS DER BIOSPHÄR
quote quote

D’Produiten

D’Minett UNESCO Biophere huet d’Mark “Mmmh…Minett!” entwéckelt, déi de Produzente bei der Kommerzialiséierung vun hire Produiten hëllefe soll an hinnen eng territorial Visibilitéit erméigleche soll, déi direkt mat eisem Eisenäerzregioun verbonne gëtt.

 

“Mmmh…Minett!” » bezitt sech op “lokale Konsum” an op d’Iddien, déi fir Biosphärereservater wichteg sinn, dat heescht d’Relatiounen tëscht Mënsch an Natur z’iwwerdenken, d’Awunner nees mat Houfert mat hirer Heemecht ze verbannen oder och nach de saisonale Konsum ze respektéieren, fir esou d’Verschwendung u Liewensmëttel ze reduzéieren.

 

 

D’PRODUITEN

 

MINETTER SCHOF

 

 

Mir ënnerstëtzen de Projet “Minetter Schof” andeems mer hëllefen dëst Qualitéitsfleesch ënnert der Mark “Mmmh…Minett!” an d’Butteker a Restaurante bréngen.

 

Méi Informatioune fannt Dir hei.

 

2022.09.03 : Presentatioun vum Projet zu Biergem am Kader vum Esch2022-Projet iwwert ugewannten Agrikultur. Méi Informatiounen hei.

EN HUNNEG AUS DEN NATURA-2000-ZONEN

 

 

Fir seng nei Etiketten, wollt den Imker Marcel Zoller vun Déifferdeng d’Mark “Mmmh…Minett!” benotzen. Zesummen ass esou déi nei Etikett entstanen.

 

Seng 50 Beiestäck stinn an den Natura-2000-Zone vu Rodange, Rolleng, Péiteng, der Zowaasch, dem Ronnebierg an Déifferdeng. De Hunneg gëtt all Donneschdeg Moien um Diddelenger Maart an all Freideg Moien um Escher Muart ugebueden an dat an 125gr, 250gr a 500gr Dëppercher. Donieft konnt een den Hunneg 2023 och um Stater Glacismaart fannen, deen tëscht Mäerz an November all drëtte Sonndeg vum Mount war.

 

Den „Mmmh… Minett!“-Hunneg gëtt bis Uganks Januar 2024 och am „Mellis Pop-Up Store“ (rue des Capucins) an der Stad verkaf. E representéiert do de Süde vu Lëtzebuerg.

Dir wëllt  fir een oder méi vun Äre Produiten d’Mark “Mmmh…Minett!” benotzen? Da kontaktéiert eis iwwer renoir@prosud.lu