Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Iwwerschaffe vun de Verhalenspanneauen an der Minett UNESCO Biosphere

Kënschtleresch, interaktiv an uspriechend Informatiounspanneauen an der Biosphär

 

 

 

Probleem:

 

Problematesch an net-uspriechend Schëlder, well se vun der Populatioun net respektéiert ginn, wëllt Grillen oder Zigarettestëmp sinn, zum Beispill, eng heefeg Ursaach fir Bëschbränn, an Hënn, déi net an der Léngt gehale ginn, stéiere Villercher, déi an de Schutzzone liewen an um Buedem bréien.

 

Léisung:

 

D’Bevëlkerung muss op d’Konsequenze vun hirem Verhalen an eise Schutzgebitter opmierksam gemaach ginn, fir en durabelt Bewosstsinn ze schafen an handlungsorientéiert Verhalen z’encouragéieren. Fir z’erreechen, datt dës Panneauen d’Populatioun sensibiliséieren, musse se manner op Verbueter hiweisen (obschonns dës natierlech nach ëmmer sollten erwäänt ginn), mä sech méi op de „Firwat“ konzentréieren, andeems erkläert gëtt. Wéi anthropogeent Verhale Schutzgebitter kann a Gefor bréngen. Fir dëse But z’erreechen, sollten d’Schëlder an einfacher Sprooch, kombinéiert mat Piktogrammer, Biller oder graphesche Konzeptiounen, konzipéiert ginn an och an engems en interaktive Charakter hunn, z.B. e QR-Code, deen d’Visiteuren opfuerdert seele Planzen oder Déieren, deene si begéint sinn, anzedroen. D’Iddi dohannert ass, datt Passante selwer eng Datebank erstellen, déi mat dëse Verhalensschëlder verknäppt ass a mat Zäit ëmmer méi komplett an interessant ka ginn. Dës Panneauen hunn dann den Effekt, datt si a. d’Bevëlkerung informéieren, b. vun der Populatioun variéiert an ergänzt ginn an c. fir d’Bevëlkerung bestëmmt sinn.

 

Perspektiven:

 

D’Participanten hunn, well vill Kreativitéit an der Konzeptioun vun dëse Verhalensschëlder gebraucht gëtt, proposéiert e Concours fir Grafik-Designer z’organiséieren, bei deem de But an de Kader vun de Schëlder, déi sollen entstoen, kloer definéiert gëtt. De Concours soll dozou bäidroen, e breede Spektrum u Perspektiven an Iddie fir d’Verhalensschëlder ze sammelen. An Zesummenaarbecht mat der MUB, der Naturverwaltung (ANF) an natur&ëmwelt kéinten d’Erklärungstexter virgedroe ginn a mat Hëllef vun engem IT-Spezialist kéint eng Plattform/Internetsäit erstallt ginn, fir Informatiounen iwwert d’Schutzgebitter ze deelen an eng Interaktioun tëscht de Schëlder, de Passanten an neien Informatioune méiglech ze maachen.