Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

D’Erhale vun traditionellen Uebst- a Geméiszorten

Besseren Zougang zu alem Geseems, Gaarderessourcen a -surfacë schafen

 

 

 

Probleem:

 

Entreprisen, déi de Marché vum Geseems monopoliséieren an dobäi genetesch d’Charakteristike vun der Reproduktioun modifiéieren an/oder Zorte matenee kräizen. Aus deem Grond ginn heemesch Planzenzorte verluer an d’Resilienz vu Geseems a Planzen hëlt of – besonnesch en Vue vum Klimachangement an extreme Wiederevenementer. An engems promouvéiert déi järlech Ausbreedung vum Geseems de Konsum an esou enger Manéier, datt et fir Baueren a Gäertner quasi onëmgänglech gëtt, op legalem Wee verschiddenen an endemesche Planzesom ze kafen, well se op Grond vu Breveten aneschters net méi dru kommen.

 

Domat gëtt Wuelstand a Gesondheet vun de Landwirt a Gäertner a Gefor bruecht. Et gëtt, op klenger Echelle, wuel en Austausch, mä d’Legislatioun verbitt nach ëmmer de Kaf vu villfältegem a lokalem Geseems a stäerkt esou Monokulturen an invasiv Planzenzorten, amplaz déi biologesch Diversitéit duerch Polykulturalitéit z’erhéijen.

Léisung:

 

Ënnerstëtzung vu Geseemsboursen op lokalem Plang an a klengem Moossstaf. Dës Bottom-Up-Initiative kënnen op begréngten Diech, a gemeinschaftlech gefouerte Landwirtschaftsbetriber, op Rencontere vu Klenggäertner organiséiert ginn. An dëser Situatioun sinn awer parallel Mesuren tëscht Bottum-Up- an Top-Down-Initiativen néideg, well de Probleem vun der biologescher Diversitéit just duerch e Wiessel vum System (Top-Down) an e Mentalitéitswiessel (Bottom-up) ka geléist ginn. De Sujet, den d’Ziler 1, 2, 3, 8, 11, 12, 13, 15, 16 a 17 vun den nohaltegen Entwécklungsziler ëmfaasst, d’Legaliséierung vum Kaf a vum Verkaf vu Geseems, sollt e staarkt Argument géint déi reng ekonomesch Croissance vun de Firmen, deenen d’Brevete gehéieren, sinn.

 

Perspektiv:

 

D’Motivatioun, fir Geseems ënnerteneen ze tauschen, kéint op nationalem Niveau ënnerstëtzt ginn, well duerch den Tosch selwer géint kee Gesetz verstouss gëtt. De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung kéinte Pionéieraarbecht leeschten, andeems se sech fir d’Tausche vu Geseems ausspriechen an domat den aktuelle Verloscht u Biodiversitéit a Widderstandsfäegkeet vum Lëtzebuerger Gaardebau an der Landwirtschaft opgrond vun der Manipulatioun vu Geseems an deem senger zentraliséiert Produktioun unerkennen.