KENNS DU DE MINETT?
E Gesellschaftsspill iwwert de Minett
Â
fir Minetter a jidderee soss
Mat der Kulturhaaptstad Esch2022 an dem UNESCO BiosphĂ€rereservat âMinett UNESCO Biosphereâ bitt sech eng enorm Chance, dĂ©i grouss Erausfuerderunge vun eiser Zukunft nei ze denken an nohalteg Perspektiven ze schafen, fir eis Gesellschaft an dat an alle LiewensberĂ€icher. Den 2003 gegrĂ«nnte Gemengesyndikat PRO-SUD an Esch2022 vertrieden a liewen dâWĂ€erter, dĂ©i aus eiser Geschicht ervirginn an dĂ©i dâAwunner aus der Regioun prĂ€gen. Duerch dâZiler, dĂ©i si gemeinsam verfollegen, entsti Synergien an e positiivt Klima wĂ€it iwwer 2022 eraus.
DâGesellschaftsspill âKenns du de Minett?â setzt sech mat der Fro auserneen:
Kennt de Lëtzebuerger sech am Minett aus?
A wĂ©i gutt kennt de âMinettsdappâ seng Regioun?
Jidderee war schonn eng KĂ©ier am Minett; sief et well en hei wunnt, well en hei an dâSchoul gaangen ass, well e Famill an der Regioun huet oder och aus ganz anere GrĂ«nn. Mee ewĂ©i gutt kennen dâLĂ«tzebuerger de Minett? A wĂ©i gutt mengt de Minetter seng Regioun ze kennen?
An dëser eenzegaarteg Regioun mat hiren 11 Gemengen, iwwert 150 Nationalitéiten, Naturschutzgebitter a Biotopen, kulturellen Institutiounen, touristesche Sitten an Villem méi gëtt et enorm vill ze entdecken. An virun allem ginn et eng Abberzuel Plazen a Geschichten, déi net emol den Awunner vum Minett bekannt sinn.
DâZesummenaarbecht mat Magic Multimedia erlaabt et Esch2022 an dem PRO-SUD all dĂ«st op eng spilleresch Aart a Weis ze vermĂ«ttelen. Mam Spill âKenns du de Minett?â soll de Spiller aktiv dorunner Deel huelen de Minett zâentdecken an sech dozou animĂ©iert fillen, dĂ©i verschidde Plazen ze besichen an sech wieder mat der Geschicht vun der Regioun auserneen ze setzen.
âKenns du de Minett?â drĂ©int sech am Contraire zu den Ă©ischte 4 Editioune vum Spill âWou lĂ€it âŠ?â net Ă«m ganz LĂ«tzebuerg, mee beschĂ€ftegt sech exklusiv mat den 11 PRO-SUD Gemengen (Beetebuerg, DĂ©ifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, KĂ€erjeng, KĂ€l-TĂ©iteng, Monnerech, PĂ©iteng, RĂ«meleng, SchĂ«ffleng a Suessem). De Spiller kann sech op e flotte Spillowend freeĂ« mat Quizfroen a Geo-Positiounskaarten, nom Muster, dat hie vun de Spiller vu Magic Multimedia kennt.
Eng InformatiounsbroschĂŒr iwwert de Minett an 100 Plazen, dĂ©i et ze entdecke gĂ«llt.
Am Spill fannen sech 100 Spillkaarte mat 3 SchwĂ©ierpunkten: Uertschafte mat Lieu-diten a Quartieren, Natur a Kultur. DĂ©i 50 Quizfroen drĂ©ine ronderĂ«m dâThemen BiosphĂ€rereservat, Geschicht, Natur, Sport, Kultur an interessant Fakten iwwert dâRegioun.
Eng InformatiounsbroschĂŒr liwwert dem Spiller weider Informatiounen iwwer dââMinett UNESCO Biosphereâ, hir Gemengen an Uertschaften, dĂ©i europĂ€esch Kulturhaaptstad Esch2022 souwĂ©i spannend kulturell an touristesch Sitten an der Regioun.
D’Spill ass vun elo un am Handel.
DâSpill ass op LĂ«tzebuergesch an et ass en ideale Kaddo fir Niklos- oder ChrĂ«schtdag a kascht 29,90âŹ.
Ze kafe kritt een dâSpill âKenns du de Minett?â op dĂ«se Plazen:
- Visitor Centre vun Esch2022 (3, Avenue des Hauts-Fourneaux; L-4362 Esch-Uelzecht),
- Annexe22 op der Place de la Résistance zu Esch-Uelzecht
- Librairie Diderich zu Esch-Uelzecht
- an alle Cactus Supermarchéen,
- beim Feidt zu Péiteng,
- an der âEis Epicerieâ zu Zolwer,
- am Domino an der Stad,
- beim Rischette zu Jonglënster,
- an de Librairies Ernster
- an der Foire-Fouille am Pommerlach
- am Samkats zu Iechternach
- an der Librairie Biba zu Maarnech.
Déi komplett an aktuell Lëscht vun de GeschÀfter fënnt een op www.magic.lu
Klickt hei fir d’Reglement vum GewĂ«nnspill, wat vum 10. bis de 17. Dezember op Facebook an Instagram leeft.