Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

KENNS DU DE MINETT?

E Gesellschaftsspill iwwert de Minett

 

fir Minetter a jidderee soss

 

Mat der Kulturhaaptstad Esch2022 an dem UNESCO Biosphärereservat „Minett UNESCO Biosphere“ bitt sech eng enorm Chance, déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zukunft nei ze denken an nohalteg Perspektiven ze schafen, fir eis Gesellschaft an dat an alle Liewensberäicher. Den 2003 gegrënnte Gemengesyndikat PRO-SUD an Esch2022 vertrieden a liewen d’Wäerter, déi aus eiser Geschicht ervirginn an déi d’Awunner aus der Regioun prägen. Duerch d’Ziler, déi si gemeinsam verfollegen, entsti Synergien an e positiivt Klima wäit iwwer 2022 eraus.

 

D’Gesellschaftsspill „Kenns du de Minett?“ setzt sech mat der Fro auserneen:

Kennt de Lëtzebuerger sech am Minett aus?

A wéi gutt kennt de „Minettsdapp“  seng Regioun?

 

Jidderee war schonn eng Kéier am Minett; sief et well en hei wunnt, well en hei an d’Schoul gaangen ass, well e Famill an der Regioun huet oder och aus ganz anere Grënn. Mee ewéi gutt kennen d’Lëtzebuerger de Minett? A wéi gutt mengt de Minetter seng Regioun ze kennen?

 

An dëser eenzegaarteg Regioun mat hiren 11 Gemengen, iwwert 150 Nationalitéiten, Naturschutzgebitter a Biotopen, kulturellen Institutiounen, touristesche Sitten an Villem méi gëtt et enorm vill ze entdecken. An virun allem ginn et eng Abberzuel Plazen a Geschichten, déi net emol den Awunner vum Minett bekannt sinn.

 

D’Zesummenaarbecht mat Magic Multimedia erlaabt et Esch2022 an dem PRO-SUD all dëst op eng spilleresch Aart a Weis ze vermëttelen. Mam Spill „Kenns du de Minett?“ soll de Spiller aktiv dorunner Deel huelen de Minett z‘entdecken an sech dozou animéiert fillen, déi verschidde Plazen ze besichen an sech wieder mat der Geschicht vun der Regioun auserneen ze setzen.

 

„Kenns du de Minett?“ dréint sech am Contraire zu den éischte 4 Editioune vum Spill „Wou läit …?“ net ëm ganz Lëtzebuerg, mee beschäftegt sech exklusiv mat den 11 PRO-SUD Gemengen (Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käerjeng, Käl-Téiteng, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem). De Spiller kann sech op e flotte Spillowend freeë mat Quizfroen a Geo-Positiounskaarten, nom Muster, dat hie vun de Spiller vu Magic Multimedia kennt.

 

 

 

Eng Informatiounsbroschür iwwert de Minett an 100 Plazen, déi et ze entdecke gëllt.

 

Am Spill fannen sech 100 Spillkaarte mat 3 Schwéierpunkten: Uertschafte mat Lieu-diten a Quartieren, Natur a Kultur. Déi 50 Quizfroen dréine ronderëm d’Themen Biosphärereservat, Geschicht, Natur, Sport, Kultur an interessant Fakten iwwert d’Regioun.

 

Eng Informatiounsbroschür liwwert dem Spiller weider Informatiounen iwwer d‘“Minett UNESCO Biosphere“, hir Gemengen an Uertschaften, déi europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 souwéi spannend kulturell an touristesch Sitten an der Regioun.

 

D’Spill ass vun elo un am Handel.

 

D’Spill ass op Lëtzebuergesch an et ass en ideale Kaddo fir Niklos- oder Chrëschtdag a kascht 29,90€.

 

Ze kafe kritt een d’Spill „Kenns du de Minett?“ op dëse Plazen:

 

  • Visitor Centre vun Esch2022 (3, Avenue des Hauts-Fourneaux; L-4362 Esch-Uelzecht),
  • Annexe22 op der Place de la Résistance zu Esch-Uelzecht
  • Librairie Diderich zu Esch-Uelzecht
  • an alle Cactus Supermarchéen,
  • beim Feidt zu Péiteng,
  • an der „Eis Epicerie“ zu Zolwer,
  • am Domino an der Stad,
  • beim Rischette zu Jonglënster,
  • an de Librairies Ernster
  • an der Foire-Fouille am Pommerlach
  • am Samkats zu Iechternach
  • an der Librairie Biba zu Maarnech.

 

Déi komplett an aktuell Lëscht vun de Geschäfter fënnt een op www.magic.lu

 

Klickt hei fir d’Reglement vum Gewënnspill, wat vum 10. bis de 17. Dezember op Facebook an Instagram leeft.