Käl-Téiteng
Den alen ARBED’s Büro
De Projet, deen de Concours fir d’Kabaischen an der Gemeng Käl-Téiteng gewonnen hat, koum vum Büro Tetra Kayser Associés. D’Architektin vun der Téitenger Kabaischen ass d’Maryline Crochet. De Kënschtler, dee mat um “alen ARBED’S Büro” geschafft huet, ass den Daniel Max Lloyd.
D’Gewënner vum Concours erklären hiert Konzept
Impressiounen aus der fäerdeger Kabaischen
Source: www.simpleviu.com
Eng Nuecht am Minett – Reportage RTL Télé Lëtzebuerg
Am Summer 2022 hunn RTL Journalisten exklusiv eng Rei vun de Kabaisercher getest éier se opgaangen sinn. Dorënner war och den alen ARBED’s Büro an der Gemeng Käl-Téiteng. Hei ass de kompletten Test aus dem August 2022.
Kuckt déi ganz Serie op RTL Play
Praktesch Informatiounen
Wou genee ass d’Kabaischen vun der Gemeng Käl-Téiteng?
Interessantes an der direkter Ëmgéigend