Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

NIGHT CARD SUD

 

Den Night Rider?

 

Den Night Rider ass en individuellen Nuetsbus ouni fest Haltestellen an ouni festen Horaire. Zouverlässeg a sécher, ganz ouni mussen eng Parkplaz ze sichen, bréngt den Night Rider seng Clienten dohi wou se wëllen an duerno och nees Heem. Den Nuetsbus fiert am ganze Grand-Duché a funktionéiert just weekends tëscht 6 Auer owes a 5 Auer moies.

 

Foto vum Martin Lopez op Pexels

 

D’Virdeeler

 

D’Online-Reservatioun

 

De Client ka säin Deplacement mam Night Rider ganz praktesch op der Websäit an einfach online buchen an dat bis zu 60 Minutten éier e wëll ewech geholl ginn. Viraussetzung fir online buchen ze kënnen ass, datt de Client eng valabel Night Card oder eng Kreditkaart huet. Sollt déi gewënschten Zäit net méi disponibel sinn, proposéiert de Buchungssystem dem Client automatesch eng aner Zäit.

 

D’SMS virum Depart

 

De Verkéier oder d’Wieder kënnen en Afloss op d’Zäit hunn, déi den Night Rider brauch fir beim Client unzekommen. D’Zäit vum Depart ka sech, och a Kombinatioun mat der Nofro no aneren Deplacementer, ëm +/- 10 Minutte veränneren. Fir datt de Client ëmmer genee weess, wéini en op der Plaz vu sengem Rendezvous mam Night Rider soll sinn, kritt hien automatesch ronn 10 Minutte virun der Arrivée vum Night Rider eng Confirmatiouns-SMS 

 

D’Tarifstruktur

 

 

De Präis fir en Deplacement mam Night Rider ass ofhängeg vun der Distanz an dat onofhängeg dovunner wéi vill Persounen déi selwecht Streck zesumme gebucht hunn. Et gëtt ëmmer dee kierzten Trajet berechent, esouguer wann de Bus ënnerwee nach aner Passagéier siche geet oder eraus léisst. Wat méi Persounen (max. 8) déi selwecht Streck fueren – wat et pro Persoun manner kascht.

 

D’Multiple Entry Option fir gemeinsam Strecken

 

Wann de Client eng Rees mat engem gemeinsamen Zil fir méi Persoune buche wëll, da kann e bis zu 8 verschidden Entrées- a Sortiespunkte bestëmmen. Kolleegen a Frënn ginn ënnerwee op der Wonschadress ewech geholl an d’Grupp gëtt dann zesummen op hir Destinatioun bruecht. De Präis fir déi gemeinsam Rees gëtt awer weider duerch d’Unzuel vun de Leit, déi zesumme fueren, gedeelt.

 

 

D’Night Card PRO-SUD

 

D’Awunner vun 8 PRO-SUD Gemengen hunn d’Méiglechkeet eng Night Card PRO-SUD ze kafen. Fir de Besëtzer vun der Night Card PRO-SUD iwwerhëlt d’Gemeng, an där de Besëtzer wunnt, d’Transportkäschten, virausgesat et klëmmt een an enger vun de PRO-SUD-Gemengen, déi hei ënnendrënner stinn, eran oder eraus. 

 

D’Night Card PRO-SUD gëtt vun 8 Gemengen ugebueden. Zousätzlech Informatioune stinn op de Websäite vun de respektive Gemengen:

 

Déifferdeng Diddeleng Esch-Uelzecht
Monnerech Péiteng Rëmeleng
Suessem Schëffleng  

 

 

Keen Internet? Kee Probleem!

 

De Night Rider kann och iwwer Telefon gebucht ginn an dat iwwert d’Hotline 900 71 010 (3 Cent/Minutt, méindes bis donneschdes 8 bis 18 Auer, freides a samschdes 8 bis 5 Auer moies den Dag duerno).

 

Foto vum Chad Kirchoff op Pexels