Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

MiNELL – MINETT NATUR AN ËMWELT LÉIERLAB

Entdeckt eis Offer am Beräich vun der Ëmweltbildung fir fir Schoulklassen, Erwuessener an Enseignanten.

 

MiNELL (Minett Natur an Ëmwelt LéierLab) ass en NaturLabo, an deem mär en interaktive Aktivitéitsprogramm ubidden. Aktivitéiten, bei deenen de Schutz vun der Biodiversitéit an d’Promotioun vun den Naturwëssenschaften am Mëttelpunkt stinn.

 

De MiNELL ass bei den FNR Awards 2024 mam Präis an der Kategorie “Outstanding Promotion of Science to the Public” ausgezeechent ginn.

 

Offiziell Säit vun den FNR Awards 2024.

 

Am NaturLab ginn eng Rei Partner aus dem Beräich vun der nohalteger Erzéiung aus dem Land abezunn, wéi lokal Schoulen a naturwëssenschaftlech Experten. Et wäert awer och Zesummenaarbechte mam Projet Fuerschen dobaussen (FUDO) vum SCRIPT, dem Programm vun de Bildungslandschafte vun der UpFoundation, der Naturverwaltung (ANF) an dem ‘naturmusée’ (MNHN) ginn.

 

Dëst sinn eis Prioritéiten:

 

  • Vernetzung vun de regionalen Acteuren aus dem Beräich vun der Ëmwelterzéiung (“unir”);
  • Ëmwelterzéiung bei Pedagogen an dem breede Public bekannt maachen an hinnen d’Méiglechkeet ginn dat néidegt Wëssen an déi néideg Kompetenzen ze kréien, fir eis Ëmwelt ze schützen, z’erhalen an ze verbesseren (“former”);
  • Duerch divers Aktivitéiten d’Bierger encouragéiere fir nei Bezéiungen a Verhalensmuster vis-à-vis vum natierlechen Ierwe vun eisem Biosphärereservat opzebauen (“infuser”).

 

MiNELL entwéckelt zesumme mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) eng Smartphone-App, fir de Feedback vun den Notzer ze sammelen an d’Acquisitioun vu Wëssen duerch d’Aktivitéite moossen ze kënnen.

 

Vun elo un hutt Dir d’Méiglechkeet iech bei den interaktiven Natur- a Wëssenschaftsateliere vum MiNELL anzeschreiwen, déi vun der Minett UNESCO Biosphere zesumme mat hire Partner organiséiert ginn!

 

Hei ënnendrënner fannt Dir déi verschidden Aktivitéiten, déi mir am Kader vum MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab proposéieren:

 

 

Naturlab

 

 

Den Naturlab proposéiert Atelieren an Découverte fir jiddereen deen un der Natur vun der Minett UNESCO Biosphere interesséiert ass, sief et am urbane Raum oder an eise Naturschutzgebitter.

IFEN Formatiounen

 

 

Zesumme mam IFEN ginn am Kader vum MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab reegelméisseg offiziell unerkannte Formations Continues fir Enseignante proposéiert.

 

 

 

Schoul dobaussen

 

 

De MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab proposéiert ëmmer nees Aktivitéite fir Schoulklassen aus der Minett UNESCO Biosphere, oder fir Klassen, déi de Räichtum vum Süde vu Lëtzebuerg entdecke wëllen.

 

Aner Projeten

 

 

Donieft ass de MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab nach bei enger Rei anere Projeten am Beräich vun der Ëmwelterzéiung an -edukatioun involvéiert.

 

 

 

 

Vergaangen Aktivitéiten

 

 

Kuckt hei wéi eng Aktivitéiten a Projete d’Minett UNESCO Biosphere schonn am Kader vum Minell – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab realiséiere oder ëmsetze konnt.

MiNELL an der Press

 

 

An dëser Sektioun fannt Dir all d’Reportagen iwwert de MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab, déi bis ewell an der (inter-)nationaler Press verëffentlecht goufen.

 

 

MiNELL ass e Projet vun der Minett UNESCO Biosphere coordonéiert vu PRO-SUD, dem Gemengesyndikat fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun: Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch/Uelzecht, Käerjeng, Käl, Monnerech, Péiteng, Schëffleng, Suessem.

 

 

Newsletter

Abonnéiert Iech op den Newsletter vum Minett Natur an Ëmwelt LéierLab

Är Mail gëtt just benotzt fir iech den Newsletter ze schécken

an Dir kënnt Iech iwwert en einfache Link zu all Ablack nees ofmellen.

 

 

KONSORTIUM:

 

 

FINANZÉIERT DUERCH: