MiNELL – OLD
Entdeckt eis Offer am Beräich vun der Ëmweltbildung
fir Schoulklassen, Jugendlecher an Erwuessener.
MiNELL (Minett Natur an Ëmwelt LéierLab) ass en NaturLabo, an deem mär en interaktive Aktivitéitsprogramm ubidden. Aktivitéiten, bei deenen de Schutz vun der Biodiversitéit an d’Promotioun vun den Naturwëssenschaften am Mëttelpunkt stinn.
De MiNELL ass bei den FNR Awards 2024 mam Präis an der Kategorie “Outstanding Promotion of Science to the Public” ausgezeechent ginn.
Hei fannt Dir all d’Aktivitéiten vum MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab:
Naturlab
Den Naturlab proposéiert Atelieren an Découverte fir jiddereen deen un der Natur vun der Minett UNESCO Biosphere interesséiert ass, sief et am urbane Raum oder an eise Naturschutzgebitter.
Aner Projeten
Donieft ass de MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab nach bei enger Rei anere Projeten am Beräich vun der Ëmwelterzéiung an -edukatioun involvéiert.
Am MiNELL – Natur an Ëmwelt LéierLab ginn eng Rei Partner aus dem Beräich vun der nohalteger Erzéiung aus dem Land abezunn, wéi lokal Schoulen a naturwëssenschaftlech Experten. Et wäert awer och Zesummenaarbechte mam Projet Fuerschen dobaussen (FUDO) vum SCRIPT, dem Programm vun de Bildungslandschafte vun der UpFoundation, der Naturverwaltung (ANF) an dem ‘naturmusée’ (MNHN) ginn.
Dëst sinn eis Prioritéiten:
• Vernetzung vun de regionalen Acteuren aus dem Beräich vun der Ëmwelterzéiung (“unir”);
• Ëmwelterzéiung bei Pedagogen an dem breede Public bekannt maachen an hinnen d’Méiglechkeet ginn dat néidegt Wëssen an déi néideg Kompetenzen ze kréien, fir eis Ëmwelt ze schützen, z’erhalen an ze verbesseren (“former”);
• Duerch divers Aktivitéiten d’Bierger encouragéiere fir nei Bezéiungen a Verhalensmuster vis-à-vis vum natierlechen Ierwe vun eisem Biosphärereservat opzebauen (“infuser”).
MiNELL entwéckelt zesumme mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) eng Smartphone-App, fir de Feedback vun den Notzer ze sammelen an d’Acquisitioun vu Wëssen duerch d’Aktivitéite moossen ze kënnen.
MiNELL ass e Projet vun der Minett UNESCO Biosphere coordonéiert vu PRO-SUD, dem Gemengesyndikat fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun: Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch/Uelzecht, Käerjeng, Käl, Monnerech, Péiteng, Schëffleng, Suessem.
KONSORTIUM: