Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow MiNELL - MINETT NATUR AN ËMWELT LÉIERLAB
quote quote

Nature Explorer

 

De MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt Léierlab proposéiert ëmmer nees Aktivitéite fir Schoulklassen a Jonker aus der Minett UNESCO Biosphere oder dem Recht vu Lëtzebuerg, déi de biologeschen, geologeschen an industrie-kulturelle Räichtum vum Süde vu Lëtzebuerg entdecke wëllen.

 

Escape Game Minett

 

 

 

 

Mat zwee Escape Games entdecke Jonker vun 10 bis 14 Joer (oder méi) op eng spilleresch Manéier d’Geheimnisser vun der Biodiversitéit, der Geologie an der Industriegeschicht vun den zwee eenzegaartegen Naturschutzgebitter „Giele Botter“ an „Haard“ souwéi d’Bedeitung vun hirer Protektioun.

 

Op engem Tour duerch en fréiert Dagebaugebitt léisen d’Equippen op siwe verschiddene Statioune Rätselen a gi spannend Fakten iwwert d’Ëmwelt, an där se sech grad ophalen, gewuer.

 

D’Spiller, déi op Däitsch sinn, ginn a Rucksäck transportéiert déi spezifesch fir dës Escape Games entwéckelt goufen.

Public cible:

 

Kanner a Jonker

aus der Grondschoul

oder der Maison Relais

 

Dauer:

 

± 4 Stonnen

Plaz:

 

Naturschutzgebitt “Giele Botter” (Nidderkuer)

Naturschutzgebitt “Haard” (Diddeleng)

Mär entdecken de Fréijoersbësch

 

 

 

Mir gi mat oppenen Aen an Oueren duerch de Fréijoersbësch an entdecken déi villerlee Liewesformen, déi hei virkommen, a wéi se ënnereneen a Bezéiung stinn.

 

 

Nieft där naturwëssenschaftlecher Approche sollen dobäi och dat Sënnlecht an dat Spillerescht net ze kuerz kommen.

 

 

D’Datumer fir 2025 gi geschwënn annoncéiert!

 

Public cible:

 

Kanner aus der Grondschoul

Dauer:

 

09:00 – 11:00 Auer

Plaz:

 

Naturschutzzentrum Ellergronn

(Esch-Uelzecht)

Minett INK: eng graphesch Exploratioun vun der Biodiversitéit

 

 

 

Wéi kann een op eng ëmweltfrëndlech a kreativ Manéier Kommunikatiounsmaterial fir d’Promotioun vun der Ëmwelterzéiung entwéckelen?

 

Workshop mat Risografie, enger japanescher Drockprozedur, bei där Tënt benotzt gëtt, déi just aus Soja, ouni Léisungsmëttel, besteet, fir eenzegaarteg an onerwaart Bichelcher, Flyeren a Posteren ze kreéieren.

 

Public cible:

 

vun 9 Joer un

Dauer:

 

op Ufro

Plaz:

 

Naturschutzzentrum Ellergronn

(Esch-Uelzecht)

D’Minetter Schof entdecken

 

 

 

Kommt mat eis op d’Sich nom Minetter Schof, wat duerch eist Biosphärereservat wandert an dobäi op verschidde Manéieren d’Natur notzt.

 

Gitt méi gewuer iwwert d’Rass vum Ardenner Schof an d’Aufgabe vun den Déieren an hirem Hiert.

Public cible:

 

Schoulklassen aus der Grondschoul

Dauer:

 

op Ufro tëscht Mee an November

Plaz:

 

an de Naturschutzzone vun der

Minett UNESCO Biosphere

 

 

Newsletter

Abonnéiert Iech op den Newsletter vum Minett Natur an Ëmwelt LéierLab

Är Mail gëtt just benotzt fir iech den Newsletter ze schécken

an Dir kënnt Iech iwwert en einfache Link zu all Ablack nees ofmellen.

 

 

KONSORTIUM:

 

 

FINANZÉIERT DUERCH: