MiNELL – MINETT NATUR AN ËMWELT LÉIERLAB
Entdeckt eis Offer am Beräich vun der Ëmweltbildung
fir Schoulklassen, Jugendlecher an Erwuessener.
D’Minett-Regioun am Süde vum Lëtzebuerg ass zanter 2020 dat éischt UNESCO-Biosphärereservat vum Land. Et erstreckt sech op méi wéi 200 km² a gëtt vum Syndicat PRO-SUD geréiert. Dës Géigend verbënnt en aussergewéinlechen natierleche Räichtum, eng Biodiversitéit, déi nom Enn vum Minett-Dagebau neess entstanen ass, e schützenswäerten historesche Patrimoine an eng modern urbanistesch Entwécklung, déi duerch de permanente Wuesstem vun der Populatioun néideg ass.
© Marc Weis
© Esch2022 / Emile Hengen
© Minett UNESCO Biosphere
Fir d’Bevëlkerung iwwert d’Bedeitung vun der Biodiversitéit z’informéieren a Léisunge fir déi ökologesch Erausfuerderungen ze fannen, gouf de Projet MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab am Januar 2022, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Fonds National de la Recherche lancéiert. Knapp 2.000 Persounen, dorënner ronn 1.400 Kanner a Jugendlecher, konnten esou un interaktiven an interdisziplinären Atelieren deelhuelen a méi iwwert den natierlechen, historeschen a kulturelle Räichtum vum Minett gewuer ginn.
Dësen innovative Projet geet elo an eng nei Phas. Eppes bleift awer erhalen: Déi kreativ a partizipativ Vermëttlung vun Sujeten aus de Beräicher Naturwëssenschaften a Ëmweltgestioun u Kanner, Jugendlecher an Erwuessener.
Sidd dobäi, a loosst Iech fir de Schutz vun eiser eenzegaarteger Ëmwelt begeeschteren!
LéierLabs fir jiddereen
D’Partner vum MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab