Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

MENG QUELL DOHEEM

D’Waasser ass eng wichteg natierlech Ressource an eisem Biosphärereservat.

 

 

 

Den aktuelle Klimaprojektiounen no, ass dovunner auszegoen, datt et an Zukunft an de Wantere méi, an de Summere manner reent. An Zesummespill mat méi héijen Temperaturen an de Wanterméint wäert och d’Warscheinlechkeet, datt Schnéi fält ofhuelen an de Risiko vum Iwwerschwemmunge klammen. Schnéi wäert net méi als Puffer zur Verfügung stoen.

 

D’Wëssenschaft geet en plus dovunner ausser, datt d’Unzuel vun Deeg mat extreemen Nidderschléi an d’Luucht wäert goen. Donieft wäert et nieft Dréchenten, an domat verbonnen, och niddreg Waasserstänn an de Baachen a Flëss vun eise Géigende ginn. Dës saisonal Variatiounen dierften och d’Waasserversuergung an – evakuatioun an den urbane Raim virun nei Erausfuerderunge stellen.

 

Fir d’Bewosstsinn vun der Wichtegkeet vum Sammele vu Reewaasser ze steigeren, hu mir eis decidéiert, zesumme mat der Kënschtlerin Hisae Ikenaga, déi 2020 de LEAP “Luxembourg Encouragement for Artists” Präis gewonnen huet, e Reewaasserkollektor ze kreéieren, deen ee selwer bastele kann, fir en duerno a sengem Gaart oder op sengem Balcon ze benotzen.

 

 


De Prototyp vum Reewaasserkollektor ass an Zesummenaarbecht mat der Waasserverwaltung (AGE), der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. (EBL) a mam Centre Formida entwéckelt ginn. Duerno sinn eng Rei Atelieren organiséiert ginn, fir ze kucken ob en och einfach ka gebaut ginn.

 

Fir de Projet jidderengem zougänglech ze maachen, hu mer e Bauplang erstallt an e Tutorial-Video gedréint, déi engem weisen, wéi een dësen dekorative Reewaasserkollektor fir säin Doheem ka bauen.