Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Erliichterung/Fërderung vum nohaltege Bauen an der Minett UNESCO Biosphere

Zentraliséierung vu Ressource fir ökologescht Bauen an Zerwisser vun Experten

 

(Austausch vu Kompetenzen, natierlech Baumaterialien, Berodung, asw.)

 

Probleem:

 

Mangel un Informatioune fir Mënschen, déi eng aktiv Ëmstellung op eng méi ökologesch Liewensweis envisagéieren an dobäi op den Ëmgang mat natierleche Ressourcen an hire Kuelendioxid-Foussofdrock oppassen. Konkret geet et ëm pragmatesch Informatiounen iwwert de Bau an d’Renovéierung vun emissiounsfräien Haiser a Gebaier, déi schwéier ze fanne sinn. Iwwerdeems Ureizer existéieren, déi d’Leit zum Ëmdenke motivéiere sollen, wéi staatlech finanziell Ënnerstëtzung, bleift de konkrete „Wéi“, mat wéi engen Experten an Entreprisen, mat wéi enge Materialien a wéi engem Budget een et ze dinn huet, einfach inexistent.

 

Léisung:

 

Eng national Plattform, déi déi uewe genannten Informatiounen ëmfaasst, ass néideg. D’Zesummestelle vun Experten an Entreprisen am Beräich vum ökologesche Bauen, d’Berodung duerch Experten, Tipps fir Bastler, Informatiounen iwwer nohalteg Baumaterialien esou wéi virleefeg Berechnunge vun CO2-Bilan a Budget géifen en einfach accessibelen a kompletten Zerwiss op enger zentraler (Internet-)Plattform/Websäit mam Numm EcoBuild erméiglechen.

Perspektiven:

 

EcoBuild sollt eng national Plattform sinn a komplementar zu Plattforme sinn, déi et scho ginn, an déi ee vun den uewe genannten Aspekter traitéieren (z.B. Fachleit aus dem Bausecteur). Fir dat z’erreechen, sollt eng Zesummenaarbecht tëscht verschiddene Gemengen, Associatiounen a Ministère ageriicht ginn, esou datt all d’Secteuren a Persounen, déi sech mat der nohalteger Entwécklung vum Baue beschäftegen, visibel ginn. Z.B. Ministère du Logement, Ministère de l’Énergie et de l’Aménagement du Territoire, Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement Durable, Ministère de l’Économie etc.