Elo, wou d’Natur nees erwäscht, gëtt et näischt méi Schéines ewéi e puer Stonnen dobaussen un der frëscher Loft ze verbréngen. An der Minett UNESCO Biosphere kann een dee Pleséier ganz einfach mat der Entdeckung vun enger wonnerbarer Natur verbannen, déi an de leschte 50 Joer op de Siten vun den alen Dagebaugebitter entstanen ass. Onofhängeg vum Wieder, also egal op et reent oder d’Sonn schéngt, huet eis Natur Villes ze bidden, wat entdeckenswäert ass.
Esou wéi Enn vun den 1970er gesäit et haut a kengem vun deene sechs Naturschutzgebitter méi aus, déi d’Kärzone vun eisem Biosphärereservat am Joer 2020 gi sinn. D’Natur huet sech dës industriell entstanen Marslandschaften zeréckgeholl an iwwert d’Joren ass hei eng aussergewéinlech Biodiversitéit entstanen, déi eenzegaarteg fir Lëtzebuerg ass.
Fir dës Biodiversitéit ze schützen an z’erhalen huet d’Naturverwaltung (ANF) eng Rei vu verschiddene Programmer opgestallt, déi eng nohalteg Gestioun vun eisem (nach jonken) Naturierwen erméiglechen.
Wann Dir an den nächsten Deeg e bëssen Zäit hutt, da maacht roueg en Tour duerch eis Naturschutzzonen am Süden. De Minett Trail féiert duerch déi sechs Kärzone vum Biosphärereservat.
Méi Informatiounen iwwert déi eenzel Gebitter, déi dir entdecke kënnt, fannt Dir hei:
Giele Botter / Prënzebierg |
Kiemerchen / Scheiergronn / Groussebësch |
Kärzon tëscht Péiteng an Déifferdeng | Kärzon tëscht Lasauvage und Bieles |
![]() |
![]() |
Ellergronn |
Brucherbierg / Lallengerbierg |
Kärzon an der Gemeng Esch/Uelzecht | Kärzon op der Kopp iwwer Esch a Schëffleng |
![]() |
![]() |
Léiffrächen |
Haard / Hesselsbierg / Staebierg |
Kärzon tëscht Käl a Rëmeleng | Kärzon tëscht Téiteng, Rëmeleng a Diddeleng |
![]() |
![]() |