Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Léiffrächen

D’Kärzon „Léiffrächen“ ass e weidert, nach jonkt, Naturschutzgebitt um Territoire vum eenzegen UNESCO-Biosphärereservat zu Lëtzebuerg.

Als nationaalt Naturschutzgebitt sinn déi ronn 313 Hektar, déi zu 80% zu der Gemeng Käl an zu 20% zu der Stad Rëmeleng gehéieren, eréischt zënter dem 5. Abrëll 2019 ausgewisen.

Ongeféier 236 Hektar, also ronn 76% vun der Surface gi vu Bëscher bedeckt. Ongeféier d’Hallschent dovunner ass Pionnéierbësch, deen nom Enn vum Dagebau entstanen ass. Déi aner Hallschent vum Bësch setzt sech zum groussen Deel aus naturnoe Bichebëscher, mä och och ronn 23,5 Hektar Dännebëscher zesummen.

Bis Mëtt vun den 1970er ass am Gebitt vun der „Léiffrächen“ d’Minett am Dagebau ofgebaut ginn. Éischt Konzessioune fir den Ofbaus vun der Minett huet d’Gemeng Käl schonn am Joer 1855 ausgestallt. Déi éischt Gruewunge goufen dunn an den 1860er Joren ënnerholl.

D’Landschaft gouf, virun allem nom Zweete Weltkrich, vum Dagebau gepräägt. Esou ass ee vun de längste „fronts de taille“ vum Kontinent entstanen, déi bis haut nach dat fréiert Dagebaugebitt quasi op senger ganzer Längt begrenzt.

 

Wéi déi aner Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere sinn d’Dréchewisen, déi duerch reegelméisseg Aarbechte vun der Naturverwaltung an d’Beweedung mat de Minetter Wanderschof op gehale ginn, e Refuge fir eng sëllege Planzen- an Déierenzorte ginn.

Am Gebitt vun der „Léiffrächen“ sinn am ganzen 9 verschidde Flantermauszorte sécher nogewisen. Dat grousst Mausouer, d’Bechsteinfliedermaus an déi grouss Hufeisennues sinn 3 vun dësen Zorten. An de Weieren an Dëmpele vum Naturschutzgebitt ass de Kammmolch doheem an vun de Päiperleken, déi rar sinn, mä op der „Léiffräche“ virkommen, muss een den Habichtskrautspinner (Lemonia dumi), de Quendel-Ameisenbläuling (Maculinea arion) an den Ockerbindige Samtfalter (Hipparchia semele) ernimmen. Och Bëschléierchen,  de schwaarze Spiecht, de klengen Neimäerder an de schwaarze Milan sinn zënter dem Enn vum Dagebau op der „Léiffrächen“ doheem.

© Yann Logelin / Marc Weis

Nieft der grousser Bedeitung fir d’Natur, ass d’Kärzon „Léiffrächen“ vun der Minett UNESCO Biosphere och e beléift a bekannt Noerhuelungsgebitt an dat iwwert d’Grenze vun der Regioun eraus. Eng ganz Rei Wander-, Vëlos- a Mountainbikeweeër zéien sech duerch d’Naturschutzgebitt a sollten och net verlooss ginn, wann een heihinner Sport maache kënnt.

Och kulturhistoresch huet d’Gebitt en nationale Wäert. D‘“Monument National des Mineurs“ an der Entrée vun der Schutzzon erënnert un déi iwwer 1400 Biergaarbechter, déi an de Lëtzebuerger Minnen a Grouwen hiert Liewe gelooss hunn an déi reliéis Pilgerplaz vun der „Léiffrächen“, déi der Géigend hiren Numm ginn huet, fënnt ee vis-à-vis vum Monument. Dës geet op eng hëlze Mariestatue zeréck, déi vun engem Schmadd, dee Peping geheescht huet, am Joer 1753 an engem huele Bamstamm fonnt gi war. E Brand am Joer 1901 huet d’Originalstatue allerdéngs zerstéiert. Déi aktuell Maria an der Pilgergrott ass am 20. Joerhonnert fabrizéiert ginn.

 
 
© PRO-SUD / Yann Logelin