Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Bäerbelendag

Kulturelle Patrimoine vun der Minett UNESCO Biosphere

 

De 4. Dezember ass d’Fest vun der helleger Bäerbel. E Fest, wat eng grouss Bedeitung am Süde vu Lëtzebuerg hat an nach ëmmer huet. Déi helleg Bäerbel ass d’Schutzpatréinesch vun de Mineuren a gouf dowéinst bis zum Schluss vum Minettofbau an eiser Géigend all Joers gefeiert. Mam Verschwanne vun de leschte Minnen ass d’Traditioun vum Bäerbelendag awer net gestuerwen. Bis haut gëtt en, a senger traditioneller Form, viru gefeiert.

Wie war déi helleg Bäerbel?

Der Legend no huet d’Beschützerin vun de Mineuren am 3. Joerhonnert no Christus am Noen Oste gelieft. Amplaz sech ze bestueden, hat déi jonk Fra hiert Liewe Jesus Christus verschriwwen. Hiren eegene Papp war allerdéngs net mat der Bäerbel hirem Bekenntnis zum Chrëschtentum averstanen. Obschonn hien deels grujeleg Mesuren ergraff huet – esou huet hie seng Duechter jorelaang an engem Tuerm agespaart – huet d’Bäerbel un hirem Glawe festgehalen. De Papp huet seng Duechter schlussendlech viru Geriicht gestallt a se, mat sengen eegenen Hänn, gekäppt.

D’Mineure veréieren d’Bäerbel als Schutzpatréinesch, well si sech, der Iwwerliwwerung no, op der Flucht virun hirem Papp an enger Fielsspléck verstoppt hat. Dës soll, wéi duerch Wonner virun hir opgaange sinn. Nieft de Mineuren ass d’Bäerbel awer och nach d’Patréinesch vun den Daachdecker, de Pompjeeën, de Sprengmeeschter an den Elektriker.

Bäerbelstatue vu Rodange Bäerbelstatue vun der Minn Cockerill Boarbelstatue aus der Gemeng Käl-Téiteng

 

Lieweg Traditioun

Och wann et ewell iwwer 40 Joer hier sinn, datt mam Thillebierg déi lescht Minn um Territoire vum Grand-Duché fir ëmmer hir Dieren zougemaach huet, gëtt d’Bärbel bis haut nach an de Südgemenge gefeiert. Op ville Plaze gëtt den Dag e Cortège organiséiert mat deem eng Statu vun der Helleger duerch d’Duerf gedroe gëtt. Knupperte gehéiere genee esou zu de Feierlechkeeten ewéi eng Mass an e Banquet, deen am Uschloss vun den anere Feierlechkeete proposéiert gëtt.

Bäerbelendag, um 4. Dezember, ass all Joer op en Neits d’Geleeënheet och un déi knapp 1500 Bouwen a Männer, déi tëscht 13 an 78 Joer al waren, an déi an de Minne vum Minett hiert d’Liewe gelooss hunn, z’erënneren. Ouni déi haart a geféierlech Aarbecht, déi vun de Mineure vum Schluss vum 19. Joerhonnert bis 1981 geleescht gouf, hätt de Grondstee vum Lëtzebuerger Wuelstand ni kënne geluecht ginn.

Historesche Kontext vum Bäerbelendag

Den Historiker Denis Klein, deen och Member am Conseil d’Administration vum Musée des Mines zu Rëmeleng ass, huet éischt Artikelen iwwert de Bäerbelendag an ale Lëtzebuerger Zeitungen aus den 1890er Jore fonnt. Spéitstens deen Ament hunn d’Mineuren ugefaangen dësen Dag ze feieren.

Et sollt awer bis an d‘1920er oder 1930er, plazeweis esouguer bis nom zweete Weltkrich daueren, éier déi Feieren, déi traditionell an de Minnen ofgehale goufen, vum Patron organiséiert goufen an esou e „bezuelte Feierdag“ fir d’Mineure gouf, weess den Historiker. Fest Bestanddeeler, vun Ufank un, waren de Cortège mat der Statu duerch d’Duerf, d’Knupperten zu Éiere vun der helleger Bäerbel an de Banquet, deen net seelen eng grouss Feier an de Minnen a vun de Mineure war.

Et ass deemno dovunner auszegoen, datt de 5. Dezember an deenen allermeeschte Minnen net de produktiivsten Dag vum Joer war, mengt den Denis Klein.

Feierlechkeeten am Süden

Och wann d’Pandemie an de leschte Joren dozou gefouert hat, datt manner Fester gefeiert goufen, esou ass d’Bäerbel an de Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere viru geéiert ginn.

Dëst Joer stinn, genee ewéi virun der Pandemie eng Rei Feieren um Programm. Esou gëtt de Samschdeg 3. Dezember schonn eng Gerbe virun der Bäerbelskapell um Site vun der Minn Cockerill am Ellergronn deposéiert.

De Cortège zu Rodange ass och schonn um Samschdeg. Den Depart ass um16.30 Auer geplangt. Uschléissend gëtt eng Mass an der Rodanger Porkierch gehalen an d’Gemeng Péiteng offréiert den Éierewäin.

De Sonndeg, 4. Dezember, sinn dann déi traditionell Bäerbelefeieren zu Bieles an zu Esch op der Brillplaz beim Monument vun den Mineuren. Zu Diddeleng leet den OGBL ewéi all Joer eng Gerbe um Kierfecht néier. Méi grouss gefeiert gëtt Bäerbelendag op der Zowaasch. Um 18.45 Auer geet de Cortège vum Bullenterrain bei d’Monument, wat un déi Doudeg erënnert, éier eng Mass um Carreau Minier, bei der Entrée an d’Minn Doihl gehale gëtt. Den Éierewäin gëtt dann an der Minn selwer proposéiert.

Zu Téiteng an zu Rëmeleng feiere se Bäerbelendag, oder Boarbelendag wéi se am Keeldall soen, scho moies. Um 9.30 Auer ass de Rendezvous zu Rëmeleng, wou den Héichpunkt vun der Feierlechkeeten d’Mass ass, déi an der Galerie vum Musée des Mines gehale gëtt.

Depart vum Cortège an der Gemeng Käl-Téiteng ass um 9.45 Auer bei der Schungfabrik, vun do geet op de Kierfecht, wou um Blummen op d’Graf vun engem Mineur geluecht ginn, éier eng Mass gelies an en Éierewäi proposéiert gëtt.

 

Immateriellt Kulturierwe vun der Mënschheet?

Nieft dem Weltkulturierwen, dem „Memory of the world“-Programm, de Biosphärereservater a Geoparken huet d’UNESCO och e spezielle Programm fir dat immateriellt Kulturierwe vun eisem Planéit ze schützen an z’erhalen. Op dëser UNESCO-Representativlëscht vun der Mënschheet steet zënter dem Joer 2010 déi Iechternacher Sprangpressessioun an déi musikalesch Konscht vun den Haupeschbléiser ass 2020 op dës Lëscht gesat ginn.

Aktuell leeft d’Prozedur fir d’Traditioun vu Bäerbelendag op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen ze setzen. Sollt dës Prozedur mat Succès ofgeschloss ginn, stéing Bäerbelendag an der Kategorie vun de gesellschaftleche Gebräicher, Ritten a Festlechkeeten.

Well Bäerbelendag awer och an anere Länner, ewéi, zum Beispill, a Polen oder Éisträich eng déif verwuerzelt Traditioun ass, kéint geschwënn eng multinational Demande gemaach ginn, fir d’Fest vun der helleger Bäerbel och op d’UNESCO-Representativlëscht vun der Mënschheet ze setzen.