Genee eng Woch nom Joresdag vun der Fermeture vun der leschter Minn am Minett gëtt al Joer de Bäerbelendag oder Boarbelendag gefeiert. Um 4. Dezember gëtt eng al Traditioun vum Land um Liewen erhalen.
Bei sengen historesche Recherchen huet de Denis Klein, Member vum Verwaltungsrot vum „Musée National des Mines de Fer“ zu Rëmeleng, probéiert eraus ze fanne wéini d’Fest vun der helleger Bäerbel fir d’éischt gefeiert gouf. Déi éischt Reportagen an den nationalen Zeitungen datéieren zeréck an d‘1890er Joren.
Vun Ufank u gouf de Bäerbelendag u sech op déi selwecht Manéier gefeiert an dat obschonns et laang kee bezuelte Feierdag fir d’Mineure war. Eréischt vun de spéiden 1920er un, virun allem awer no 1950, gouf de Bäerbelendag als Feierdag och vun de Patronen unerkannt a vun hinnen organiséiert.
Gefeiert gouf iwwerall d’Selwecht
Dat huet awer näischt un de Feierlechkeete selwer geännert, esou den Historiker Klein virun. Et gouf ëmmer schonn e Cortège bei dem eng Bäerbelestatue duerch d’Duerf gedroe ginn ass. Ob dës Statue scho vun Ufank un an de Minnen ze fanne waren, ass net méi erauszefannen. Sécher ass awer, datt et vun den 1950er Joren u keng Minn méi gouf, an där keng Statue vun der helleger Bärbara stoung. Et waren och genee dës Statuen, déi um 4. Dezember duerch d’Dierfer, an deenen et Minne gouf, gedroe gouf. Begleet goufen d’Prozessiounen all Joer vu Knupperten. Dës Knupperte sollen deels esouguer bis an d’Stad ze héiere gewiescht sinn. Et gëtt op alle Fall al Zeitungsartikelen, déi dëst beleeë sollen.
Kapell zu Éiere vun der helleger Bäerbel am Ellergronn – © PRO-SUD / Yann Logelin
Um Schluss vun de Prozessioune gouf et dann normalerweis nach e Banquet mat engem uschléissende Bal. Dës Baler sinn net seele bis an déi fréi Moiesstonne vum 5. Dezember gaangen. Et ass deemno unzehuelen, esou den Denis Klein, datt den Dag no Bäerbelendag net deen allerproduktiivsten an de Lëtzebuerger Minne war.
Traditioun huet Minett-Ofbau iwwerdauert
Sécher ass awer, datt d’Traditioun de Bäerbelendag ze feieren, iwwert d’Enn vum Ofbau vun der Minett zu Lëtzebuerg eraus, iwwerlieft huet. Och wann et ëmmer manner richteg Mineure gëtt, esou gëtt d’Fest vun der Schutzpatréinesch vun de Mineuren nach ëmmer gefeiert. Dat ass, ënnert anerem, all Joer zu Rëmeleng an op der Zowaasch de Fall.