Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

27.11.1981: Schicht am Schacht!

Et sinn haut, op den Dag genee, 40 Joer hier, datt den industrielle Biergbau zu Lëtzebuerg op en Enn gaangen ass. De 27. November 1981 ass déi leschte Schicht an d’Minn Thillebierg eragefuer fir do Minette ofzebauen.

© Archives Entente Mine Cockerill Esch-sur-Alzette

Lescht Woch schon hat eis den Historiker a Member vum Conseil d’Administration vum Musée National des Mines de Fer vu Rëmeleng verroden, datt den Ofbau vu Eisenäerz zu Lëtzebuerg an der Zäit vu de Kelte gestart war an duerno ni komplett op en Enn gaangen ass. Hien hat eis d’Hütteklausel erkläert, déi zur Entwécklung vun der Stolindustrie am Grand-Duché bäigedroen huet an och d’Ëmstellung op den Dagebau, déi an den 1950er Joren ugefaangen hat, erkläert.

Dës Woch beschäftegt sech den Historiker mam Enn vum Biergbau – e Schluss dee sech no an no ugekënnegt huet. Scho vun den 1960er u gouf et Indicen, datt d’Exploitatioun vun der Minette zu Lëtzebuerg net méi éiweg viru goe géif:

D’Pëtrols- a Stolkris aus den 1970er huet den Declin vum Lëtzebuerg Biergbau du viru beschleunegt, esou den Denis Klein:

No der Fermeture vun de leschten Dagebaugebitter war Uganks vun den 1980er just nach d’Minn um Thillebierg iwwereg. Et stoung awer wuel fest, datt se net éiweg géif virun exploitéiert ginn, och wann d’Annonce vun der Fermeture d’Mineuren, déi hei geschafft hunn, anscheinend wierklech iwwerrascht huet, seet den Denis Klein:

Bis haut ginn Deeler vun der Minn um Thillebierg ënnerhalen an se liwwert nach ëmmer Waasser, wat an der Produktioun vun der Schmelz zu Déifferdeng gebraucht gëtt. D’Minn ass awer net fräi zougänglech.

No der Fermeture vum Thillebierg war an der Regioun just nach eng Minn op. Bis 1997 ass den Ofbau vun der Minette an der Mine des Terres Rouges zu Däitsch-Oth viru gaangen. Aktuell gëtt dës Minn a Stand gesat a soll fir Esch 2022 – Europäesch Kulturhaaptstad hiren Dieren als Musée nees opmaachen.

© Fir all d’Biller: Archives Entente Mine Cockerill Esch-sur-Alzette