Minett Mash-Up: Der Podcast über unsere Region TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

1981: Enn vum Biergbau zu Lëtzebuerg

De 27. November ass et genee 40 Joer hir, datt zu Lëtzebuerg opgehale gëtt Minett ze fërderen.

Et war den 27.11.1981, wou déi leschte Schicht an der Minn vum Thillebierg zu Déifferdeng gefuer ginn ass. Grond genuch op d’Geschicht vum Ofbau vun der Minett zu Lëtzebuerg zeréckzekucken.

Den Denis Klein, Historiker a Member am Verwaltungsrot vum „Musée national des mines de fer“ zu Rëmeleng erkläert, datt de Biergbau zu Lëtzebuerg warscheinlech schonn zu Zäite vun de Kelten ugefaangen hat an duerno wuel och ni komplett op en Enn gaangen ass.

Vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert, a mat Ufank vun der industrieller Revolutioun, gouf et ëmmer méi interessant d’Minett aus dem Lëtzebuerger Buedem ze huelen. Obschonns just e Brochdeel vum Loutrengeschen Äerzbaseng op Lëtzebuerger Territoire läit, war et vun Ufank rentabel hei am Land d’Eisenäerz aus dem Buedem ze huelen.

Duerch eng Hütteklausel, déi et u sech awer guer net gouf, sinn nieft dem Opkomme vum Biergbau an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert dunn och déi éischt grouss Schmelzen am Land entstanen, Denis Klein:

Den Ufank vun der Exploitatioun vun der Minett hei zu Lëtzebuerg ass awer wuel kaum koordinéiert verlaf. Éischt Konzessioune vergëtt de Lëtzebuerger Staat wuel eréischt nodeems verschidde privat Proprietäre schonn ugefaangen hate Minett op hiren Terrainen ofzebauen:

1906 huet Lëtzebuerg schonn zu den 19 Länner vun der Welt gehéiert, wou der Quantitéit no, am meeschten Eisenäerz aus dem Buedem geholl ginn. Zu deem Zäitpunkt hunn och iwwer 6000 Persounen hei am Land als Mineuren, gréisstendeels ënnert dem Buedem, geschafft.

Nächst Woch interesséiere mir eis mam Historiker Denis Klein fir den Declin vum Lëtzebuerger Biergbau, deen no sengem absolutten Héichpunkt am Joer 1957, no an no ëmmer méi onrentabel ginn ass an de 27.11.1981 endgülteg op en Enn gaangen ass.