DE MINETT TRAIL A SENG KABAISERCHER
De Minett Trail, dat sinn 11 Kabaisercher an e Wee vun 90 Kilometer duerch all d’Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere.
Esou kënnen d’Visiteure vum Biosphärereservat esouwuel d’Schéinheet vun der Natur ewéi och déi historesch Zeie vun der industrieller Vergaangenheet op kuerzen oder laange Wanderungen entdecken.
Tëscht deenen eenzelene Etappe vum Wanderwee bidden d’Kabaisercher, Gîten déi extra fir de Minett Trail amenagéiert goufen, de Wanderer d’Méiglechkeet sech iwwer Nuecht z’erhuelen.
Dem Chilly seng Aventurë wäerte just an englescher Sprooch publizéiert ginn.
Wéi ass de Minett Trail entstanen?
Am Ufank stoung d’Iddi vum ORT-Süden (Visit Minett), e Wanderwee, mat nationalem Charakter an engem Usproch op Renommee, duerch déi onbekannten, awer dacks spektakulär Landschaften an zemools duerch déi fréier Dagebaugebitter, ze schafen.
Ëmmerhi sollt déi europäesch Kulturhaaptstad am Joer 2022, engem wichtege Joer fir Image vun der Regioun, eng ganz Rei Visiteuren an d’Regioun lackelen. Fir dës Visiteuren kënnen ze logéieren ass d’Konzept vum Minett Trail erweidert ginn an et ass d’Iddi entstanen, de Leit, déi fir Esch2022, an doriwwer eraus, an eis Géigend kommen, och d’Iwwernuechtungsméiglechkeeten ze bidden. Hebergementer, déi iwwer 2022 eraus, solle Bestand hunn.
Fir méi ewéi just einfach hëlzen Häipe laanscht de Minett Trail z’installéieren, gouf den OAI (Ordre des Architectes et Igénieurs-conseils) gebiede sech um Projet vun de Kabaisercher ze bedeelegen. Entstanen ass en éiergäizegen an innovativen Architekturconcours, dee bei eng europäesch Kulturhaaptstad passt. Zousätzlech zu den Iwwernuechtungsméiglechkeete soll d’Attraktivitéit vum Minett Trail nach duerch en artisteschen a kulturelle Programm gesteigert ginn.
Déi eenzel Sitte si vun de Gemengen erausgesicht ginn. D’Krittäre fir de Choix waren de Respekt vum Ëmwelt- an Denkmalschutz, ouni dobäi awer Originalitéit, Realiséierbarkeet a Funktionalitéit fir zukünfteg Gäscht ze vergiessen.
Entdeckt d’Resultat selwer a kommt dat eenzegt UNESCO Biosphärereservat vu Lëtzebuerg besichen: