📌 Poste vacant: Coordinateur gĂ©nĂ©ral đŸš¶ MINETT TRAIL - 90 km fir eist BiosphĂ€rereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Rocklines 2021

Am Kader vun der geopoetescher Entdeckungsrees am Juli 2021 hat d’Minett UNESCO Biosphere eng Rei Ă«ffentlech Manifestatiounen organisĂ©iert fir d’Awunner aus der Regioun mam Konzept vun der Geopoetik a Kontakt ze brĂ©ngen.

 

Hei fannt dir déi eenzel Manifestatiounen nach eng Kéier erëm.

 

MĂ«ttwochs, de 14. Juli – Konferenz a Vagabondage um Belval

 

An dĂ«ser Konferenz haten d’Dr. Estelle Evrard an d’Dr. Lise Landrin, Fuerscherinnen am FachberĂ€ich Geografie op der Uni LĂ«tzebuerg, dĂ©i de BegrĂ«ff vun der emotionaler Geografie an engem Esch2022-Projet Ă«nnersichen, hire Projet presentĂ©iert.

 

Do virdrunner hat den italienesche Geopoet Davide Sapienza d’Konzept vun der Geopoetik erklĂ€ert an gewisen wat dĂ«st Konzept a Bezuch zu der emotionaler Connectioun vu MĂ«nsche mat hirer intimer Geografie ze bidden huet.

Méi Informatiounen:

 

 

 

Sonndeg, den 18. Juli – Hike & Bite zu SchĂ«ffleng

 

D’Gemeng SchĂ«ffleng hat op e geopoetesche Brunch an d’Naturschutzgebitt Brucherbierg-LallĂ©ngerbierg invitĂ©iert.

 

De Start war beim Stade Jean Jacoby a vun do aus goung et ze Fouss duerch eng vun de KĂ€rzonen vun der Minett UNESCO Biosphere, dĂ©i d’Participanten esou op eng nei, geopoetesch, ManĂ©ier entdecke konnten.

 

Um Schluss vum Trëppeltour gouf et dunn de Brunch mat lokale Produiten.

Méi Informatiounen:

Freideg bis Sonndeg, 23.-25. Juli – Geopoetic Camp zu Lasauvage

E Grupp vu jonke Leit war e Weekend laang zu Lasauvage op Entdeckungsrees.

 

Zesumme mat den zwee Auteuren hu si en neie BlĂ©ck op d’Landschaft gesicht.

 

Nieft der Zowaasch hu si och de Giele Botter an de Fonds-de-Gras entdeckt.

Méi Informatiounen:

DĂ«nschdeg, de 27. Juli – Sunsetwalk @ LĂ©iffrĂ€chen

GuidĂ©iert geopoetesch Wanderung duerch d’LĂ©iffrĂ€chen.

 

Lecture vu geopoeteschen Texter duerch d’Auteuren.

 

Sonnenënnergang vum Huttbierg.

 

Méi Informatiounen:

Billergalerie vum Sunsetwalk op der LéiffrÀchen.