2️⃣0️⃣2️⃣5️⃣ an der Minett Biosphere ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken
arrow
quote quote

2️⃣0️⃣2️⃣5️⃣ Regional Promotioun a Biergerbedeelegung

D’Minett UNESCO Biosphere mobiliséiert, forméiert a inspiréiert

 

D’Joer 2025 war e Schlësseljoer fir d’Minett UNESCO Biosphere, dat duerch eisen Engagement gepräägt war, d’Bierger vun all Alter an den Zentrum vun eisen Aktiounen ze stellen. Duerch eng Hellewull vun edukativen, kulturellen an digitalen Initiativen hu mir probéiert, d’Verbindung tëscht den Awunner an hirem Territoire ze stäerken an si dobäi fir Ëmweltthemen ze sensibiliséieren.

 

D’Bildung war d’Speerspëtzt vun eiser Strategie. Och nom Enn vun der Finanzéierung duerch den FNR konnt eisen Ëmweltedukatiounsprogramm MiNELL seng Missioun mat Erfolleg weiderféieren. Eis Atelieren «De Bësch schmaachen» hunn et de Participanten erméiglecht, iessbar wëll Planzen z’entdecken an esou eng direkt Verbindung tëscht Natur a Gastronomie hierzestellen. Nei Aktivitéiten, wéi «Den Zukunftsbësch», hunn sech direkt mat den Erausfuerderunge vum Klimawandel fir eis Bëscher auserneegesat. Eis Zesummenaarbecht, iwwert e ganz Trimester ewech, mat der École Internationale Gaston Thorn huet et de Schüler erméiglecht, den natierleche Patrimoine vum Minett z’entdecken an eng kreativ Sensibiliséierungscampagne mat Posteren, engem Video an engem Podcast ze realiséieren.

 

Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab

 

Ecole Internationale Gaston Thorn

 

 

Innovatioun an Transparenz: D’Escape Games an d’Buergermeeschter aus der Regioun am Gespréich

 

Zënter dësem Joer kënnen och eis pedagogesch Escape Games an zwou vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere gespillt ginn. Vun dëser pedagogesch Innovatioun hunn eng 400 Schüler d’Industriegeschicht an déi ekologesch Erausfuerderunge vun eiser Regioun op eng spilleresch an immersiv Manéier entdeckt an esou eppes iwwert d’Eenzegaartegkeet vun de fréieren Dagebaugebidder am Minett geléiert.

 

D’Transparenz an den Dialog goufen duerch déi 4. Saison vun eisem Podcast “Minett Mash-Up” gestäerkt. Dës Joer hu mer eis exklusiv mat de gewielte Vertrieder vun eisen eelef Gemengen ënnerhalen. Mir hu mat hinn iwwert konkreet Projeten an hire Gemengen, d’Natur, de Patrimoine an d’Erausfuerderunge fir eisen Territoire a punkto Mobilitéit, Energie a Stadentwécklung geschwat, an esou déi lokal Gouvernance fir jidderee méi zougänglech gemaach.

 

Minett Escape Games

 

Minett Mash-Up

 

 

Bemierkenswäert war 2025 och de Wuesstem vun eisen digitale Kommunikatiounskanäl. Duerch geziilte Campagnen op de sozialen Netzwierker a Mediepartnerschaften, besonnesch mat RTL a Visit Minett, hu mir Dausende vu Leit erreecht. D’Visitte vun eisem Internetsite sinn ëm 15 % geklommen, an d’Unzuel vun eise Follower op Facebook an Instagram sinn ëm 8 % respektiv 15 % gewuess, e Beweis fir de wuessenden Interessi un de Projete vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat.

 

Duerch dës Aktioune bekräftegt d’Minett UNESCO Biosphere hir Roll als Katalysator fir den Engagement, andeems si d’Bewosstsinn a konkreet Handlunge fir eng nohalteg Zukunft transforméiert.