Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow Eis Aktiounen
quote quote

Etüd iwwer d’Offer vu lokale Liewensmëttel

An der Minett UNESCO Biosphere an hirer Ëmgéigend

 

Hannergrond

 

D’Analys ass d’Suite vum territorialen Diagnostik vun de lokale Produiten, dee mat enger Analys vun der Demande am Joer 2021 gestart gouf. Zil ass et, eng Decisiounshëllef ze bidden, fir bannent dem PRO-SUD eng Politik z’erstellen, déi d’Entwécklung vu lokalen a qualitativ héichwäertegen, lokale Liewensmëttel nohalteg ënnerstëtzt.

 

Et goung drëms, méi iwwert d’Kapazitéite vun der Landwirtschaft gewuer ze ginn, mat deene se sech organiséieren a strukturéiere kann, fir esou d’Demande vum Consommateur no lokale Produiten ze befriddegen.

 

D’Analys vun der Demande hat gewisen, datt et beim Verbrauch vu Liewensmëttel am “circuit court” nach vill Spillraum fir Verbesserungen existéieren.

 

E Comité de pilotage huet d’Etüd e ganzt Joer laang begleet, éier d’Resultater de gewielte Politiker an de Partner, déi de Finanzement vun der Etüd (Landwirtschafts- a Landesplanungsministère) presentéiert goufen. 

D’Etüd huet et erméiglecht…

 

– 28 Produzenten z’identifizéieren, fir déi de kuerze Verkafswee eng Roll spillt (29% vun Echantillon), 36% vun dëse Produzente wéilten hir Produktioun an dësem Domaine steigeren, iwwerdeems 18% iwwerleeën, ob se op dësem Marché aktiv solle ginn.

 

– Motivatiounen a Barrièren z’erkennen. Hei ass de Besoin vun de Produzenten no Unerkennung vun hirer Aarbecht besonnesch ervir ze sträichen, de Besoin no mënschlechem Kontakt, fir d’Traditiounen an d’Wësse vu fréieren Zäite virun ze vermëttelen an de Wonsch déi komplett Produktioun verkafen ze kënnen. Dëst sollt ouni weider Belaaschtunge vun hirem volle Kalenner geschéien an andeems ee sech um “circuit court” net mat enger schwéierfälleger Bürokratie ploe muss.

 

– D’Charakteristike vun der Produktioun däitlech ze maachen. D’Offer u primäre Produiten ass variéiert, allerdéngs feelt et u Plazen am Land, wou dës kënne verschafft gi fir d’Produktioun esou ze diversifiéieren.

 

Dës Momentopnam vun der erfaasster Offer u Liewensmëttel aus der Minett UNESCO Biosphere an hirer Ëmgéigend bleift allerdéngs onkomplett, well keng Detailer iwwert déi produzéiert Quantitéiten an de generéierten Ëmsaz gesammelt konnt ginn.

 

Workshop

 

Nieft der Etüd gouf am Fréijoer 2023 och nach en Atelier mat gewielte Politiker, kommunalen a staatleche Beamten, Akademiker an aneren Acteuren organiséiert.

 

D’Participanten hunn hei am Detail iwwer d’Erausfuerderunge fir d’Zukunft, mat deenen d’Landwirtschaft konfrontéiert ass, diskutéiert. Virun allem d’Fro, wéi ee Jonker kann erreechen oder hinnen hëllefe kann, fir am Beräich vun der lokaler Liewensmëttelproduktioun e Betrib ze grënnen, war e Sujet, dëst och mam Hannergrond, datt d’Unzuel u Baueren zu Lëtzebuerg all 25 Joer ëm 50% zeréckgeet.

 

Et goufen Handlungsachse fir de PRO-SUD identifizéiert, mat deenen déi lokal Offer dynamiséiert ka ginn.

Hei geet et drëms, als Intermediaire ze fungéieren, fir Synergien tëscht de verschiddenen Acteuren ze schafen a laangfristeg Finanzementer ze fannen, Visitte vu Schoulklassen op Bauerenhäff organiséieren, bei der Vermaartung vun de Produiten ze hëllefen, eng Manifestatioun, ewéi den “Au Goût du Terroir”, déi zwee Mol am Joer kéint sinn, z’organiséieren. Dëse Maart wier net just eng Vitrinn fir déi lokal Produkter, mä kéint zu engem Inkubator fir jonkt Produzente ginn. Donieft wier den Opbau vun enger regionaler Kommunikatioun iwwert d’Offer, déi et scho gëtt, eng weider Handlungspist.